Op den Inhalt sprangen

Repair-Café

Vu Wikipedia
Repair-Café Amsterdam-Oost

E Repair-Café ass e Konzept-Evenement, bei deem temporär Atelieren ageriicht gi fir d'Reparatur vun defekten Apparaten a Gebrauchsgéigestänn, dacks op enger Plaz, wou een och eng Klengegkeet iessen an drénke kann.

Fräiwëlleg Reparateuren installéiere sech an engem Repair-Café fir eng begrenzt Zäit, meeschtens en hallwen Dag, mat engem klenge mobillen Atelier. D'Leit kënne mat hiren defekten Objete laanscht kommen, z. B. Gezei, Vëloen, Spillsaachen, Geschier, kleng Miwwelen asw. Am Fall wou se dat wëllen, kënnen d'Leit sech un de Reparaturaarbechte bedeelegen an dobäi eppes bäiléieren, sou datt s'an Zukunft kleng Reparature selwer maache kënnen.

E Repair-Café huet och dacks eng sozial Komponent, et léiert een do nei Leit aus der Noperschaft kennen.

Repair-Caféë gëtt et mëttlerweil a ville Länner ronderëm d'Welt: Holland, Lëtzebuerg, Belsch, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, USA, Indien, Japan asw.

Et gëtt och Repair-Caféen, déi sech op bestëmmt Typpe vun Objete spezialiséieren, wéi z. B. Gaardegeschier.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Konzept vum Repair-Café gouf zu Amsterdam gebuer. Et war eng Initiativ vun der Journalistin an Ëmweltschützerin Martine Postma, déi den 18. Oktober 2009 den alleréischten Repair-Café zu Amsterdam mat groussem Succès organiséiert huet. Doropshin huet d'Martine Postma d'Fondatioun Stichting Repair Café gegrënnt, déi zanter 2011 lokal Gruppen ënnerstëtzt fir hiren eegene Repair-Café ze grënnen. All Repair-Caféë sinn zënterhier an enger globaler Beweegung federéiert, déi sech fir d'Erhale vum Wëssen an Knowhow vun der Reparatur an eiser Gesellschaft engagéiert. Och setzt sech déi Fondatioun fir d'Produktioun vu Produkter an, déi méi einfach ze flécke sinn.

Repair-Caféen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Repair-Café zu Lëtzebuerg war op Initiativ vum Claude Schergen am Kader vun der Ausstellung Goodbyemonopol2 2014.

De 25. Mäerz 2016 gouf de Veräin Repair Café Lëtzebuerg ASBL mat Sëtz zu Mäerzeg am RCS enregistréiert (Matrickelnr. F10762).

De Veräin organiséiert reegelméisseg Repair-Caféen uechter d'Land, och am Kader vun Evenementer vun Transition-Town-Initiative wéi z. B. dem Do-It-Yourself Festival.

De Veräin beréit och aner Träger, déi e Repair-Café wëllen organiséieren, z. B. Gemengen a Veräiner.

Repair-Caféen an der Belsch[änneren | Quelltext änneren]

An der Belsch gëtt et an de Regioune Bréissel a Wallounien eng ronn 230 Repair-Caféen, déi vun der Organisatioun Repair Together ënnerstëtzt ginn. A Flandern gi se vun der Organisatioun Repair&Share encadréiert. Déi Organisatioune sinn och Member vum internationale Reseau RepairCafé.org.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Repair-Caféen – Biller, Videoen oder Audiodateien