Richard Karl von Tessmar

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Richard Karl von Tessmar
Gebuer 1853
Gestuerwen 1928
Aktivitéit Offizéier

De Richard Karl von Tessmar, gebuer 1853 a gestuerwen 1928, war e däitsche Generol deen am Éischte Weltkrich Kommandant vun de Besatzungstruppen zu Lëtzebuerg war.

Hie war un der Spëtzt vun den däitschen Truppen, déi den 2. August 1914 a Lëtzebuerg amarschéiert sinn, an huet dono seng Kommandozentral an der Stad Lëtzebuerg ageriicht[Wou ?].[1] De 26. August no der Schluecht vu Rossignol goufen op der Gare vun Arel, nieft der Schappecher Bréck, op säin Uerder hin 121 (no anere Quellen 125 oder 129) belsch Zivilisten exekutéiert[2].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Caveau des fusillés zu Rossignol.

Seng rabiat Ënnerdréckung vun engem Streik vun de Schmelzenaarbechter am Minett, am Juni 1917, huet zum Stuerz vun der Regierung Thorn gefouert.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Richard Doody: The Grand Duchy of Luxembourg, 2006-12-28. (Archivéiert Versioun vum 2006-08-16)
  2. "L'Histoire de la Ville d'Arlon." arlon-is-on.be, 2006-12-28 (Archivéiert Versioun vum 2016-09-27.)
  3. Thewes, Guy: Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848, ISBN 2-87999-118-8, S.69.