Robert-Schuman Monument

Vu Wikipedia
Robert-Schuman Monument
D'Robert-Schuman Monument bei der Rouder Bréck
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Boulevard Robert-Schuman
Koordinaten 49°37'25"N, 6°7'42"O
Ageweit 24. Oktober 1966
Material Stol, Bëtong
Zu Éiere vun Robert Schuman

D'Robert-Schuman Monument, dat an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg um Boulevard Robert Schuman, virun der Rouder Bréck steet, erënnert un de franséische Politiker Robert Schuman.

Den Entworf fir d'Monument koum vum Architekt Robert Lentz.

D'Monument gouf de 24. Oktober 1966 zesumme mat der Rouder Bréck ageweit. Et besteet aus engem Bëtongssockel mat verschiddenen Opschrëften op de Säiten an aus dräi héichgestallte Greyträger, déi um ieweschten Enn sou ageschnidde sinn, datt se do sechs Spëtze weisen, déi déi sechs Grënnungsmembere vun de CECA duerstellen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robert-Schuman Monument – Biller, Videoen oder Audiodateien