Robert Elter (Foussballspiller)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Robert Elter)
Robert Elter
Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe bei den olympesche Summerspiller vun 1920. V.l.n.r. Jos Koetz, Robert Elter, Emile Hamilius, Thomas Schmit, Michel Ungeheuer, Arthur Leesch, Léon Metzler, Tiny Langers, Camille Schumacher, Jean Massard
Gebuer 20. Abrëll 1899
Lëtzebuerg
Gestuerwen 2. Mee 1991
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp C.A. Spora Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Famill
Geschwëster Albert Elter

De Robert Elter, gebuer den 20. Abrëll 1899 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 2. Mee 1991, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik[1] dee bei der Spora ënner Vertrag stoung. Säi méi ale Brudder Albert war och Foussballspiller, an och bei der Spora.

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1920 zu Antwerpen vertrueden.[2]

Tëscht dem 28. August 1920 am 11. November 1924 huet de Robert Elter sechsmol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 5 Goler geschoss.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Robert Elter op der Websäit vu sports-reference.com
  2. De Robert Elter op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Robert Elter op der Websäit vun European Football