Roland Baldauff
Ausgesinn
Roland Baldauff | |
---|---|
Gebuer | 20. Mäerz 1936 |
Gestuerwen | 31. Januar 2014 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
De Roland Baldauff, gebuer den 20. Mäerz 1936 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 31. Januar 2014[1], war e lëtzebuergeschen Architekt.
Hie war vun 1963 bis 1994 am Verwaltungsrot vun der Fédération luxembourgeoise de natation et de sauvetage, vun deem hie vun 1963 bis 1969 Generalsekretär, vun 1969 bis 1972 Member, a vun 1972 bis 1994 President war.
Vun 1988 bis zu senger Pensioun am Mäerz 2001 war hien den Direkter vun der Administration des bâtiments publics.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Pavillone vum Centre pénitentiaire (ëm 1988) zu Giwenech (zesumme mat dem Jean Leyder)
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grand Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1996)[2]