Giwenech
Giwenech Giwenich | |
---|---|
Vue op Giwenech | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Givenich de: Givenich |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng | Rouspert-Mompech |
Buergermeeschter | Stéphanie Weydert |
Awunner | 89[1] |
02.01.2018 | |
Koordinaten |
49° 44’ 53’’ N 06° 28’ 46’’ O |
Giwenech (lokal: Giwenich[2]) ass eng Uertschaft aus der Gemeng Rouspert-Mompech.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Giwenech läit op enger Héicht vun 300 – 310 m, zirka 1 km südëstlech vu Mompech an zirka 1,4 km nordwestlech vu Méischdref. Et ass mat deenen zwou Uertschaften iwwer den CR135 verbonnen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm "Giwenech" geet op dat gallo-réimescht Gaviniacus zeréck, deemno dem Gavinius säi Besëtz. Griewer, déi tëscht 1840 an 1946 ausgegruewe goufen, loossen drop schléissen, datt et hei zu der Zäit vun de Merowenger oder Karolenger eng Siidlung gouf. Am 12. Joerhonnert war et en Duerf mat 13 Häff an enger Kierch[3].
Am 13. Joerhonnert ass d'Uertschaft dunn, duerch Pescht oder Krich, ausgestuerwen, a gouf eréischt nees am 16. Joerhonnert nei bewunnt, ufanks war do just en Haff. Dëse goung ëm 1830 an de Besëtz vun enger Famill Theisen iwwer, deenen hir Nokommen en 1892 dem Lëtzebuerger Staat vermaacht hunn, mat der Oplo, eng Institutioun vun ëffentlechem Notzen draus ze maachen.
Zanter 1939 ass doran de Prisong vu Giwenech.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Kapell vu Giwenech
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Giwenech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Gemeng Mompech
- Websäit vum "Centre Pénitentiaire de Givenich", am Mäerz 2014 "Site sous construction", dofir dës archivéiert Versioun
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Nombre d'habitants au 02.01.2018" op rosportmompach.lu. Archivéiert de(n) 30.04.2018. Gekuckt de(n) 16.01.2018.
- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑ Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.394.