Romano Tommasini

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Romano Tommasini gebuer de 16. Mäerz 1960 zu Esch-Uelzecht, an opgewuess zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Museker a Geievirtuos.

Hien ass vu lëtzebuergescher-italieenescher Ofstamung. Säin éischte Geienunterrecht huet hien zu Lëtzebuerg um Conservatoire kritt. No senger Première am Escher Jongelycée huet hien um Conservatoire National Supérieur de Musique zu Paräis virustudéiert. Do huet hien 1983 en éischte Präis fir Gei a Musique de Chambre kritt.

Dréi Joer méi spéit gouf hie Solo-Violonist vum Orchester vun der Stad Nanzeg. Zanter dem 1.Mäerz 1989 gehéiert hien zu de Beriner Philharmoniker. Doriwwer eraus gehéiert hien zu follgende Kammermusiksgruppen: Philharmonisches Oktett, Philharmonisches Streichquintett, Philharmonische Freunde Wien-Berlin, Philharmonisches Streichtrio Berlin, Philharmonische Camerata, Amarcord-Quartett.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]