Roughmix
Roughmix ass e Roman op Lëtzebuergesch vum Roland Meyer, deen 2014 am Verlag Op der Lay erauskoum.
Et ass, no Muedebëtzeg, dem Meyer säin zweete Roman. 2015 krut en de Servais-Präis.[1]
Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]
Erzielt gëtt d'Liewe vun de Membere vun enger Museksband an hire Partner, déi, aus den individuelle Perspektive vu verschiddene vun hinnen, an Ech-Form op hire Liewensparcours an op hir Bezéiungen zréckkucken: d'Sich nom Gléck an d'Zerbrieche vun Illusiounen, duerch op eegene Wonsch oder den Zoufall produzéiert Katastrophen, refouléiert oder ausgeliefte Wënsch, asw.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Roland Meyer: Roughmix. Esch-Sauer: Op der Lay, 2014. ISBN 978-2-87967-197-0
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "Servais-Präis fir "Roughmix" vum Roland Meyer." rtl.lu, leschten Update: 04.05.2015, 18:16:55.