Sąjūdis

Vu Wikipedia

D'Sąjūdis (wat op litauesch "Beweegung" bedeit), mam ganzen Numm Lietuvos Persitvarkymo Sąjūdis ("Erneierungsbeweegung vu Litauen"), och nach als "Sąjūdis-Reformbeweegung" bekannt, ass eng litauesch Organisatioun, déi den 3. Juni 1988 gegrënnt a vum Vytautas Landsbergis geféiert ginn ass.

Zu hire Memberen hu souwuel Kommuniste wéi och Net-Kommuniste gezielt. Dat ursprénglecht Zil vun dëser Organisatioun war et, dem Gorbatschow seng Politik vu Glasnost, vu Perestroika a vun Demokratie an der deemoleger Sozialistescher Sowjetrepublik Litauen ze verwierklechen, a gläichzäiteg och Litauesch als national Sprooch ze fërderen. Am Laf vun der Zäit ass d'Sąjūdis zu enger Onofhängegkeetsbeweegung ginn, déi d'Onofhängegkeet vu Litauen mat hirer Zeitung Atgimimas (litauesch fir: Erëmgebuert) a mat Aktioune virbereede wollt.

Am Februar 1989 huet d'Sąjūdis deklaréiert, datt Litauen vun der Sowjetunioun mat Gewalt annexéiert gi wier an datt hiert Zil dora bestéing, d'Land an d'Onofhängegkeet ze féieren. Am Februar 1990 huet d'Sąjūdis déi absolut Majoritéit vun de Sëtz am Seimas, dem litauesche Parlament, gewonnen an den 11. Mäerz 1990 d'Onofhängegkeet vu Litauen erkläert.