Saint-John Perse
| Saint-John Perse | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Marie René Auguste Alexis Leger |
| Pseudonym | Saint-John Perse, Saint Leger Leger |
| Gebuer |
31. Mee 1887 Pointe-à-Pitre |
| Gestuerwen |
20. September 1975 Hyères |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun | Universitéit vu Bordeaux |
| Aktivitéit | Dichter, Iwwersetzer, Diplomat, Schrëftsteller |
| Auteursrechter | Wierker sinn duerch Auteursrechter geschützt |
| Member vun | American Academy of Arts and Sciences, Bayerische Akademie der Schönen Künste |
| Gielercher | Lëscht Nobelpräis Literatur, Commandeur vun der Légion d'honneur, Chevalier vun der Légion d'honneur, Officier vun der Légion d'honneur, Grand officier de la Légion d'honneur |
| Famill | |
| Bestuet mat | Dorothy Russelová |
|
| |
De Saint-John Perse, gebuer als Alexis Leger den 31. Mee 1887 zu Pointe-à-Pitre op Guadeloupe, a gestuerwen den 20. September 1975 zu Giens, war e franséischen Dichter, Diplomat an Nobelpräisdréier fir Literatur.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Alexis Leger huet seng Kandheet op de Franséischen Antillen verbruecht. 1899 ass e mat senger Famill an d'Metropol wunne gaangen, wou en Droit a Politikwëssenschaften op der Universitéit Bordeaux an zu Paräis studéiert huet.
1914 goung en an den diplomateschen Déngscht a gouf 1916 Legationssekretär zu Beijing, an ass a Korea, d'Mongolei an a Japan gereest. Nom Éischte Weltkrich gouf e Conseiller vum franséischen Ausseminister Aristide Briand. 1929 gouf en Directeur des Affaires politiques am Ausseministère, wouvun en 1933 Generalsekretär gouf.
1940 huet e beim Amarsch vun den Däitsche seng Plaz verluer. Hie krut d'franséisch Nationalitéit oferkannt a säi Verméige gouf onfiskéiert. Doropshin ass en an d'USA emigréiert, wou e Conseiller fir d'Library of Congress gouf. Nom Zweete Weltkrich gouf en a Frankräich rehabilitéiert. Hien ass awer eréischt 1957, als Dichter Saint-John Perse, a Frankräich zeréckgaangen.
1960 huet de Saint-John Perse den Nobelpräis fir Literatur fir seng Gedichter kritt.
Wierker (Auswwiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Éloges (dodra sinn: Images à Crusoé, Pour fêter une enfance, Éloges), 1911.
- Anabase, 1924.
- Amitié du Prince, 1924.
- Chanson du Présomptif, 1924.
- Exil, 1942.
- Poème à l'Étrangère, 1943.
- Pluies, 1943.
- Neiges, 1944.
- Quatre poèmes (1941-1944)dodran: Exil, Pluies, Neiges a Poème à l'Étrangère, 1944.
- Berceuse, 1945 .
- Vents, 1946.
- Amers, 1948.
- Chronique.
- Poésie, Ried beim Banquet fir den Nobelpräis, zu Stockholm den 10. Dezember 1960.
- Oiseaux, 1962.
- Chant pour un équinoxe, 1975.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Joëlle Gardes: Saint-John Perse. Les rivages de l'exil. Biographie. Éd. Aden, Croissy-Beaubourg 2006, ISBN 2-84840-081-1
- Mireille Sacotte: Alexis Léger, Saint-John Perse. Belfond, Paris 1991. Reprint L'Harmattan, Paris 1997, ISBN 2-7384-6121-2
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Saint-John Perse – Biller, Videoen oder Audiodateien |
