Sajanbierger

Vu Wikipedia

Déi bis zu 3.492 m héich Sajanbierger fënnt een haaptsächlech a Russland (Asien), mä zum Deel och an der Mongolei.

Am Norde grenzen dës héich Bierger un d'Mëttelsibirescht Biergland, am Osten un d'Angara an de Baikalséi, am Süden un d'Tannu-ola-Bierger, am Westen un den Altai an am Nordweste gi se an d'Zapadno Sibirskaja iwwer.

D'Sajanbierger, déi zu de Südsibiresche Bierger gehéieren, bestinn aus zwéin Deelbierger, deem méi niddrege West-Sajan (bis zu 2.930 m), deen ausschliisslech a Russland läit, an deem méi héijen Ost-Sajan (bis zu 3.492 m; Munku Sardyk); nëmmen déi südëstlech Ausleefer vum Ostsajan, un déi och de kristallklore Séi Chubsugul grenzt, leien an der Mongolei.

Bannent dem Westsajan entspréngt den Abakan, am Ostsajan entsprangen de Grousse Jenissei, de Kan an d'Uda.

Nërdlech vun de Sajanbierger läit Krasnojarsk, um Ostrand leien Angarsk an Irkutsk.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sajanbierger – Biller, Videoen oder Audiodateien