Schabloun:Op engem 18. Abrëll
Ausgesinn
- 1784: De franséischen Auteur Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie gëtt gebuer.
- 1830: De lëtzebuergesch-belschen Industriellen a Politiker François-Ernest Vannérus kënnt op d'Welt.
- 1858: Gebuert vun der lëtzebuergescher Molerin Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann.
- 1873: Doud vum däitsche Cheemiker Justus von Liebig.
- 1912: De lëtzebuergesche Fotograf Théo Mey gëtt gebuer.
- 1951: Grënnung vun der CECA.
- 1955: De Physiker an Nobelpräisdréier Albert Einstein stierft.
- 2002: Doud vum norwegeschen Anthropolog an Aventurier Thor Heyerdahl.