Schabloun:Op engem 23. Mäerz
Ausgesinn
- 1636: Doud vum lëtzebuergesche Geeschtlechen an Historiker Jean Guillaume Wiltheim.
- 1823: De lëtzebuergesche Jurist a Politiker Victor de Roebe kënnt op d'Welt.
- 1842: De franséische Schrëftsteller Stendhal stierft.
- 1848: Déi éischt Nummer vum Luxemburger Wort kënnt eraus.
- 1881: Gebuert vum franséische Schrëftsteller Roger Martin du Gard a vum däitsche Cheemiker Hermann Staudinger, allebéid Nobelpräisdréier.
- 1905: D'Schauspillerinnen a Sängerinne Lale Andersen an Joan Crawford gi gebuer.
- 1912: Den däitsch-amerikanesche Rakéitekonstrukteur Wernher von Braun kënnt op d'Welt.
- 1964: Doud vum hungro-amerikanesche Schauspiller a Regisseur Peter Lorre.