Schabloun:Op engem 29. Juli
Ausgesinn
- 1833: Gebuert vum lëtzebuergesche Jurist a Politiker Henri Vannérus.
- 1890: Doud vum hollännesche Moler Vincent van Gogh.
- 1900: Den italieenesche Kinnek Umberto I. kënnt bei engem Attentat ëm d'Liewen.
- 1905: De schweedesche Politiker an UNO-Generalsekretär Dag Hammarskjöld gëtt gebuer.
- 1907: De Robert Baden-Powell grënnt d'Scoutsbewegung.
- 1925: De griichesche Komponist a Politiker Mikis Theodorakis kënnt op d'Welt.
- 1957: D'obligatoresch Krankekees fir Handwierker, Händler an Industrieller gëtt duerch e Gesetz zu Lëtzebuerg agefouert.
- 1958: Grënnung vun der US-amerikanescher Weltraumagence NASA.