Op den Inhalt sprangen

Henri Vannérus

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Henri Vannérus
Gebuer 29. Juli 1833
Dikrech
Gestuerwen 16. Mee 1921
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Fonctioun President vum Staatsrot, Member vum Staatsrot
Gielercher Grand-croix de l'ordre de la couronne de chêne
Famill
Papp François-Julien Vannerus
Geschwëster François-Ernest Vannérus

Den Henri Vannérus, gebuer den 29. Juli 1833 zu Dikrech, a gestuerwen de 16. Mee 1921 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Hie war President vum Bezierksgeriicht Dikrech.

Vun 1864 bis 1866 an der Regierung de Tornaco a vun 1867 bis 1869 an der Regierung Servais war e Generaldirekter (Minister) fir Justiz.

Tëscht 1874 an 1921 war e Member vum Staatsrot. Vun 1888 bis 1889, an dann nees vun 1895 bis 1914, war e President dovun.

Hien huet sech aktiv fir Geschicht intresséiert, war Member vun der 'Société archéologique' a President dovun tëscht 1888 an 1894.

Den Henri Vannérus war de Jong vum Nottär an Dikrecher Buergermeeschter François-Julien Vannerus (1779-1850) an de Monni vum Historiker Jules Vannérus. Hie war de Schwoer vum Charles Metz, dee seng Schwëster Justine (1808-1849) 1827 bestuet hat.

  • Commandeur (avec plaque) vum Ordre du Lion Néerlandais (Promotioun 1891)[4]
  • Commandeur (avec plaque) de l'ordre Portugais de Notre-Dame de la Conception de Villa-Viciosa (Promotioun 1880)
  • Chevalier de 1ère classe de l'ordre de la Couronne de Prusse (Promotioun 1903)

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Massard, J.A., 2012. Die Geschichte des Echternacher Verschönerungsvereins. 1880 wurde in Echternach Luxemburgs erster Verkehrsverein gegründet. Echternach, S. 24-25.
  2. (fr) Logements militaires à Luxembourg pendant la période de 1794 — 1814. (Suite.) Rue de Thérèse.. Hémecht. eluxemburgensia.lu (1. Abrëll 1921). Gekuckt den 01.08.2023.
  3. Lëscht vu Leit déi 1894 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Archivéiert den 03.03.2016. Gekuckt de 07.01.2013.
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 4,4 4,5 (fr) Doudesannonce vum Henry Vannerus. L'Indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (18. Mee 1921). Gekuckt den 01.08.2023.