Schabloun:WDS 11. Oktober B

Vu Wikipedia
  • ... de Roque Cinchado, e 27 Meter héije Basalt-Monolith um Bierg Teide, op Teneriffa, a Spuenien wäit bekannt ass, well en ë. a. um fréieren 1000-Pesete-Schäin ze gesi war?
  • ... deen éischte Geldautomat zu Lëtzebuerg am Mee 1982 op der Post, op der Stater Gare, a Betrib geholl gouf?
  • ... de Finneschen Nationaltheater (Suomen Kansallisteatteri) deen eelsten Theater a Finnland ass, an deem Stécker op Finnesch gespillt ginn?
  • ... de Sënn an Zweck vun den Nazca-Linnen am Peru, honnerte vu schnouerriichte Linnen am Wüstebuedem, awer och Representatioune vun Déieren a Planzen, bis ewell net eendeiteg bestëmmt konnt ginn?