… d'Musel viru laanger Zäit an d'Meuse gelaf ass, an an deem Bett wou se haut leeft d'Meurthegelaf ass?
… 1946 an der franséischer Regierung vum Georges Bidault gläich zwéi Regierungsmembere waren, déi zu Lëtzebuerg gebuer waren, nämlech d'Andrée Viénot an de Robert Schuman?
... vun der 1. Oplo vum Michel Rodange sengem Renert no 30 Joer just 313 Exemplairë verkaaft gi waren?
... de lëtzebuergesch-belsche Botaniker Jean Linden (1817-1898) mat deen éischte war, deen an Europa Orchideeë geziicht huet an dës am grousse Stil kommerzialiséiert huet?