Schabloun:WDS 16. Mäerz B

Vu Wikipedia
  • ... d'Insel Koiluoto, déi just 3 Hektar grouss ass, tëscht Russland a Finland gedeelt ass?
  • ... bei der Explosioun vum Polvertuerm um Verluerekascht, de 26. Juni 1807, 32 Persoune ëm d'Liewen koumen an der 120 schwéier blesséiert goufen, dorënner vill Kanner?
  • ... Cassini-Huygens, eng Weltraummissioun mat zwou Raumsonde fir de Planéit Saturn a seng Mounden z'erfuerschen, bannent knapps 20 Joer spektakulär nei Erkenntnesser bruecht huet?
  • ... bei der Cholera-Epidemie zu Lëtzebuerg, 1865-1866, tëscht 8.000 bis 10.000 Leit dorun erkrankt, a ronn 3.500 gestuerwe sinn, 1,83 % vun der Gesamtpopulatioun?