... de Codex Mariendalensis, eng spéitmëttelalterlech Handschrëft iwwer d'Geschicht vun der Yolanda vu Veianen, joerzéngtelaang als verluer gegollt huet, ier en 1999 erëmfonnt gouf?
... den Thomas Chippendale (1718-1779) en englesche Konscht- a Miwwelschräiner war, no dem den Chippendale-Stil benannt ass?
... bei der Renovéierung vum Goteschen Haus zu Iechternach de Giewel nëmmen do stoe gelooss gouf, wou z'erkenne war, wéi d'Haus uersprénglech war?
... e Pingo eng Knupp oder en Hiwwel ass, deen am Permafraschtbuedem ze fannen ass, an aus engem Kär vun Äis besteet, iwwer deem sech de Buedem wëlleft?