Schabloun:WDS 21. Januar
Ausgesinn
- … et iwwer 30 Joer no Wien a München och an der lëtzebuergescher Konschtszeen zu enger Sezessioun koum, déi der moderner Molerei zum Duerchbroch verhollef huet?
- ... de lëtzebuergesch-franséischen Archeolog Joseph Hackin a seng Fra Ria Hackin-Parmentier 1941 beim Ënnergang vum Cargoschëff SS Jonathan Holt , dat torpedéiert gouf, ëm d'Liewe koumen?
- ... d'Iddi fir den Eiffeltuerm vum Elsässer Ingenieur Maurice Koechlin war?
- ... den Aristarch vu Samos (ëm 310 - ëm 230 v. Chr.) och alt "griichesche Kopernikus" genannt gëtt, well hien als ee vun den Éischten d'heliozentrescht Weltbild vertratt huet, no deem d'Sonn an net d'Äerd am Zentrum vum Weltall stéing?
- ... d'Luxemburger Wort déi eelst lëtzebuergesch Dageszeitung ass, déi praktesch ouni Ënnerbriechung bis haut existéiert?