Schabloun:WDS 25. Mäerz B

Vu Wikipedia
  • ... de Sënn an Zweck vun de Raschpëtzer am Gréngewald eréischt an de leschte Jorzéngte vum 20. Joerhonnert erausfonnt gouf?
  • ... de Lieu-dit Geeschterhaischen am Gréngewald op e Juegdhaus zeréckgeet, dat fréier op där Plaz stoung?
  • ... zu Paräis, an der Zäit vum Directoire, et Moud war, sech zu den Incroyables oder de Merveilleuses ze zielen?
  • ... d'stenge Mauer ronderëm den Domän vum Schlass Kockelscheier vun engem eenzege Mann, engem gewësse Welter, bannent 15 Joer – vun 1880 bis 1895 – gebaut gouf?
  • ... beim Tour de France 2011 fir d'éischt Kéier an der Geschicht vum Tour, net nëmmen zwéi Lëtzebuerger, ma och zwéi Bridder mat um Podium stoungen?