Schabloun:WDS 40

Vu Wikipedia
  • ... Jéinesch (oder Lakerschmus), d'Sprooch vun de Jéinen, bis ufanks vum 20. Joerhonnert vu Weimeschkiercher Händlerfamille geschwat gouf?
  • ... d'Ionesch Revolt 500/499 v. Chr. en Opstand vun de klengasiateschen an zypriotesche Griiche géint d'Perser war?
  • ... vun den iwwer 40 sougenannte Spueneschen Tiermercher, déi et an der Stad Lëtzebuerg gouf, der just nach 9 bis haut existéieren, resp. nees opgebaut goufen?
  • ... d'Lise Rischard (geb. Meyer, 1868-1940) am Éischte Weltkrich den Englänner Informatiounen iwwer däitsch Truppentransporter an der Stater Gare zoukomme gelooss huet, andeems dës kodéiert an engem Fortsetzungsroman an der Zäitschrëft Der Landwirt publizéiert goufen?
  • ... fir de Bau vun der Adolf-Emil-Hütte (haut ArcelorMittal Esch-Belval) 1909 praktesch dee ganzen 92 ha groussen Escher Bësch ofgeholzt ginn ass?