Schabloun:WDS 5
Ausgesinn
- ... dem Wope vu Lëtzebuerg seng Originnen an de Wope vum mëttelalterlechen Haus Lëtzebuerg huet, an op den Henri V. (1136-1196) zeréckgeet?
- ... de lëtzebuergesche Journalist an Dokumentarfilmmécher Gordian Troeller (1917-2003) 1992 den Adolf-Grimme-Präis fir säi Liewenswierk krut?
- ... 1984 op engem vun deenen zwéi Biergahornen op der Corniche (haut net méi do) eng bis dohin onbekannt Wanzenaart entdeckt gouf?
- ... wéinst der Technikbegeeschterung an den 1960er Joren e Basketballveräin, de BBC Telstar Hesper, nom Kommunikatiounssatellit Telstar genannt gi war?
- ... e Pingo eng Knupp oder en Hiwwel ass, deen am Permafraschtbuedem ze fannen ass, an aus engem Kär vun Äis besteet, iwwer deem sech de Buedem wëlleft?
- ... bei der Renovéierung vum Goteschen Haus zu Iechternach de Giewel nëmmen do stoe gelooss gouf, wou z'erkenne war, wéi d'Haus uersprénglech war?