Telstar

Vu Wikipedia
Telstar, den éischten ziville Kommunikatiounssatellit

Den Telstar war den éischten ziville Kommunikatiounssatellit. D'Telstar-Satellitteserie war e gemeinsame Projet vun der NASA an der US-amerikanescher Telekommunikatiounsentreprise AT&T.

Telstar 1[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. Juli 1962 gouf de Satellit Telstar 1 vu Cape Canaveral aus mat enger Delta DM-19-Rakéit an den All geschoss. Nach am selwechte Mount gouf doriwwer déi éischt Live-Televisiounstransmissioun, eng Ried vum amerikanesche President John F. Kennedy, tëscht Amerika an Europa iwwerdroen. Telstar 1 hat kee geostationären Orbit, mä huet seng Ronnen op enger staark elliptescher Bunn vun 957 × 5600 Kilometer Héicht gezunn, soudatt et nëmmen all zwouanenghallef Stonne méiglech war, 20 Minutten eng Iwwerdroung ze maachen. Et gouf dofir Pläng, eng ganz Konstellatioun vun Telstar-Satellitten opzebauen, fir datt et zu enger kontinuéierlecher Iwwerdroung komme kéint. Déi Pläng goufen awer net realiséiert, well séier kloer gouf, datt geostationär Kommunikatiounssatellitte méi kamoud wieren.

Telstar 1 huet deemools 60 Milliounen Dollar kascht, 77,2 kg gewien an hat en Duerchmiesser vun 88 cm. 3600 kleng Solarmodulen op senger Fläch hunn him d'Energie geliwwert. Op sengem 'Equator' waren zwou Reie mat Antennenelementer, an op engem vun de 'Pole' gouf et eng weider rankfërmeg Antenn. Domat waren et nieft Televisiounssignaler och méiglech, 600 eesäiteg a 60 zwousäiteg Telefonsverbindungen z'iwwerdroen.

Beim Start gouf e vu Partikele vun engem Atombommentest vum Dag virdru beschiedegt, soudatt e just e puer Méint fonctionéiert huet an den 21. Februar 1963 fir zerguttst de Geescht opginn huet.

Telstar 2[änneren | Quelltext änneren]

Säin Nofollger Telstar 2 war eppes méi schwéier (79,5 kg) a gouf de 7. Mee 1963 eropgeschoss. E war zwee Joer laang a Betrib.

Déi europäesch Empfangsstatioun fir d'Signaler vum Telstar gouf bei Pleumeur-Bodou an der Bretagne opgeriicht. De Radom mat engem Duerchmiesser vu 50 Meter a mat der 340 Tonne schwéierer Antenn, ass haut e Musée.

Méi spéit Telstar-Satellitten[änneren | Quelltext änneren]

An den 1980er Jore gouf den Numm "Telstar" vun AT&T fir eng 15 nei geostationär Kommunikatiounssatellitten nees opliewe gelooss, déi awer, technesch gesinn, keng direkt Nofollger vun den éischten Telstare sinn.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

D'Technikbegeeschterung an den 1960er Joren huet et mat sech bruecht, datt de Joe Meek en Instrumentalstéck geschriwwen huet, dat Telstar housch, a vun der brittescher Band The Tornados opgeholl gouf. Déi haten domat e grousse Succès, notamment goufe se mat deem Lidd déi éischt brittesch Band, déi an den USA en Nummer-Eent-Hit hat.

Zu Lëtzebuerg gouf e Basketball-Veräin, de BBC Telstar Hesper, duerno genannt. Den engleschsproochege Scoutsveräi vun der FNEL ass och duerno genannt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Telstar – Biller, Videoen oder Audiodateien