Schabloun:WDS 7. September B

Vu Wikipedia
  • ... de Friedrich Stummel op enger vu senge Molereien an der Stater Kathedral säin Numm am Buch vun engem Schrëftegléierten, an och e Portrait vu sech selwer, hannerlooss huet?
  • ... d'Schlass Biertreng an der Zäit am Familljebesëtz vun souwuel engem lëtzebuergesche wéi och engem belsche Premierminister war?
  • ... Le Petit Prince als éischt op Englesch erauskoum, an eréischt dono an enger franséischer Editioun?
  • ... d'Bildche vun der Stackeger Muttergottes an der Léiwenger Kierch, eng Figur aus gebranntem Leem aus dem 17. Jorhonnert, am Laf vun der Zäit fënnefmol nei bemoolt gouf, ë. a. fir se der Moud vun deemools unzepassen?