Schabloun Diskussioun:Infobox Biographie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

An der Infobox Biographie gi Modullen opgeruff déi et net gëtt. Et wier deemno och flott wann ee mol eng Aarbecht zergutts géif fäerdeg maachen, ier ee sech Kapp iwwer Fouss an déi nächst stierzt. --Les Meloures (Diskussioun) 10:50, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Dat huet lo näischt mat Wopen ze dinn, mee ech äntweren trotzdeem op dëser Säit: Éierlech gesot war meng Oarbecht beim Mëttelalter, an ech hat se net fäerdeggemat wi ech mech an d'Infobox Biographie gestierzt hunn. Ech kommen zwar wuel och nach op déi zréck, mee momentan wollt ech eben nawell grad meng Oarbecht fäerdegman oder op d'mannst e puer Schräck virukommen dermat, an di ass lo d'Mëttelalter (och well ech puer Bicher geschwënn an d'Nationalbibliothéik muss zréckdroen, dat vum Loutsch gehéiert awer net dozou). --Otets ♣ 11:34, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Tjo mä d'Infobox ass eng Saach déi u villen Artikelen hängt. Wann s déi net wolls korrekt maachen, dann häss de sollen d'Patten dervu loossen. Et war jo een amgaang drun ze schaffen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:10, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Deen ee sot mer e giff dat positiv gesinn datt ech mathëllefe wéilt. Wann ech kucken da feele just d'Lua-Moduler "If empty/i18n" an "Infobox/i18n". Datt ech kee Lua kann dat sot ech dem Soued, a bei deenen zwee Moduler do ass et en plus sou datt et déi op deenen anere grousse Wikie sou wäit ech dat gesinn net gëtt also ass sech och näischt mat einfach knäipen. An zu gudder lescht kommen di zwee Moduler vun der If empty Routine, di ech net als éischt an d'Schabloun gesat hunn. Oder spills de op d'Aktivitéitsoffro un, di effektiv vu mär kënnt, mee wu bis ewell kee Rot weess, de Soued huet zwar eng Iddi mee ech weess wi gesot net wi ech di iddi programméiere soll, a sou woarde mer datt Wikidata eis besser Routinen zur Verfügung stellt? --Otets ♣ 17:36, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Tjo sou ass et alt wéi dat däitscht Sprachwuert seet: Viele Köche verderben den Brei. --Les Meloures (Diskussioun) 19:14, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Iwwerschreiwe lokal vs Wikidata[Quelltext änneren]

Kéint een net rëm man, datt lokal Daten iwwer d'Famill d'Date vu Wikidata iwwerschreiwe kënnen? De Grond fir meng Ufro ass deen, datt een op Wikidata keng Familljemembere bäisetze ka wann déi keng Fiche op Wikidata hunn. Dat bréngt et mat sech, datt wann een z.B. zweemol bestuet war oder zwee Kanner huet awer just een dervu bekannt ass an eng Fiche huet, da kënnt an d'Infobox just déi eng Persoun stoen (wat onvollstänneg ass a souguer e bëssen an d'Ier leet) an et sou wi Wikidata am Ament (menges Wëssens no) fonctionnéiert an d'Schabloun am Ament konfiguréiert ass keng Méiglechkeet gëtt dat ze verbesseren. --Otets ♣ 09:43, 27. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Gewënschte Fotoen[Quelltext änneren]

Moien, firwat gouf de Standard-Defaulttext fir Leit z'invitéieren, hir Foten eropzelueden, ewechgemaach? Wann näischt do steet, kënnt och keen Net-Reegelméissege Mataarbechter op d'Iddi, seng Foto eropzelueden... Ech fannen, esou Saache sollten diskutéiert ginn, ier do hannerwands Ännerunge gemaach ginn.--Zinneke (Diskussioun) 09:00, 12. Feb. 2018 (UTC)[äntweren]

Ech këmmere mech elo net méi ëm d'Infobox Biographie ausser déi fiktiv (hei d'Grënn). D. h. wann s du se nees dra wëlls maach et. Ech weess net wéi dacks ech erkläre muss datt et net heescht datt e Bild bei Bild= steet datt en da fräi ass. Wann ee mer elo seet jo mä dat kann ee kontrolléieren da soll e mer de Skript weisen deen net 3 Meter laang ass an dee méi wéi 2 Leit aus der Wiki hei verstinn. An ech wëll dann och gären e Skript gesinn deen net 1 km laang ass a kontrolléiert wéini e Bild oder eng Foto froe Sënn mécht. Ech hat och erkläert wéi een dat léise kéint an zwar e Bot dee kuckt wou e lb-wiki-link ass op wikidata. Dat gesäit da sou aus bei Leit: Lëtzebuerger Fraen déi op der englescher Wiki keen Artikel hunn. Wann d'Fro elo kënnt jo mä dat kéint een och mat Plaze maachen ma hei ass d'Äntwert. Yes ech sinn e bësse salty :). --Soued031 (Diskussioun) 11:49, 12. Feb. 2018 (UTC)[äntweren]
Et deet mer Leed, wann s de haut mam falsche Fouss opgestanen bass, ma meng Loscht, mech ugranzen ze loossen, hält sech och a Grenzen. Ech si keen Hellseher, kann dofir net roden, wat s du an deger Fräizäit alles esou diskutéiert huet. Mär geet et drëm, dass en Neophyte, dee eng Foto vun enger Luxembourg Celebrity doheem um Computer huet, dës op Commons luede kann, wann en op der Artikelssäit e frëndlechen Hiweis fënnt. Op Commons si genuch Leit, déi iwwerpréifen, ob d'Bild fräi ass an dofir an Artikele gesat ka ginn. Well ech all Dag vun engem Bot informéiert ginn, wat et Neies zu Lëtzebuerger Sujeten op Commons gëtt, kann ech dat Bild da bei Wikidata asetzen, sou dass et am Artikel ze gesinn ass. Souvill zum Thema "Script". Ass déi Méiglechkeet net do, gëtt et kee Bild. Sorry, wann déi Logik eppes ze einfach ass. Meng Froe si Result-oriented, net process-oriented (vun deem ech net vill Ahnung hunn). --Zinneke (Diskussioun) 17:31, 12. Feb. 2018 (UTC)[äntweren]
Meng Meenung zu deem Sujet:
Wann näischt do steet, kënnt och keen Net-Reegelméissege Mataarbechter op d'Iddi, seng Foto eropzelueden.
Dozou kann ech nëmme soen datt ech an de leschten 10 Joer nach keng 3 fir net ze soen nach keen hallwen Neophit op der Wiki begéint hunn deen eng Foto eropgeluet huet. Ech loosse méch awer gär op déi hiweisen wann ech do eppes sollt iwwersinn hunn.
Avertéiert Wikipedianer wësse souwisou wat se am Beräich Foto eropluede maache sollen.
Fir e ganze Pak vun Artikelen wäerte mer warscheinlech ni eng Foto kréien, einfach well et keng gëtt an och ni eng gi wäert. An deene Fäll fannen ech et illusoresch (fir en héiflechen Ausdrock ze gebrauchen, manner héiflech ausgedréckt pure Quatsch) fir no enger Foto ze froen. Fir sou Fäll ass sou een Automatissem fir eng Foto ze froen, liicht nieft der Schinn.
Wann deemno ee mengt et géif eng Mindestchance bestoen fir eng Foto ze kréien da kann en déi Nofro jo einfach manuell mat der Schabloun asetzen. --Les Meloures (Diskussioun) 11:23, 18. Feb. 2018 (UTC)[äntweren]