Schaz vum Priamos

Vu Wikipedia
Deeler vum Schaz vum Priamos
D'Sophia Schliemann mam "Diadem vun der Helena vun Troja", ëm 1874

Schaz vum Priamos ginn eng 8.000 Konschtobjeten, dorënner Bijouen an aner Géigestänn aus Gold, genannt, déi den däitschen Archeolog Heinrich Schliemann Enn Mee 1873 bei den Ausgruewunge vum alen Troja fonnt hat, an déi en dem Kinnek Priamos, deen an der Ilias ernimmt gëtt, zougeschriwwen huet. Méi spéit gouf festgestallt, datt déi Objeten Honnerte vu Joer manner al sinn, wéi vum Schliemann ugeholl, an domat näischt mat der Zäit vum Priamos kënnen ze dinn hunn.

De Schaz[änneren | Quelltext änneren]

De "Schaz" bestoung ë. a. aus:

  • e koffert Schëld
  • e koffer Kessel mat Hänken
  • eng sëlwer Vas mat zwéi gëllenen Diademen (genannt "vun der Helena vun Troja"), 8750 gëlle Réng, Knäpp a soss Kreemchen, sechs gëlle Brasselien, zwéi gëlle Becheren;
  • eng koffer Vas
  • eng gëlle Fläsch
  • zwou gëllen Tasen
  • eng Rëtsch ierde Becheren
  • En Elektrum-Becher (Gold-Sëlwer-Koffer-Gemësch)
  • sechs sëlwer Messeren
  • dräi sëlwer Vase mat Elementer aus Koffer
  • nach méi sëlwer Becheren
  • dräizéng koffer Lanzekäpp
  • véierzéng koffer Aaxten
  • siwe koffer Dolchen
  • aner koffer Géigestänn, dorënner e Schlëssel vun enger Këscht

Et schéngt es wéi wann de Schliemann de "Schaz" aus Anatolien erausgeschmuggelt hätt. D'osmanesch Regierung huet him doropshin d'Erlabnes entzunn, fir ze gruewen, an huet hie wéinst Klaue vu Gold ugeklot. De Schliemann goung doropshin op Mykene weidergruewen, wou d'griichesch Archeologesch Gesellschaft him eng Iwwerwaachung virun d'Nues gesat huet fir opzepassen, wat e géif fannen.

Spéider huet de Schlieman, als Konterpartie fir nees däerfen Ausgruewungen ze maachen, dem Osmanesche Räich en Deel vum Schaz ginn, deen haut am Archeologesche Musée vun Istambul ausgestallt ass. De Rescht huet en 1881 dem Königliche Museen zu Berlin vermaach.

Do war de Schaz bis 1945, wéi en aus engem Bunker, wou e viru Bommenattacken am Zweete Weltkrich a Sécherheet bruecht gi war, verschwonnen ass. Et huet sech spéider konfirméiert, datt et d'Rout Arméi war, déi e fonnt a mat an d'Sowjetunioun geholl hat. Wärend dem Kale Krich hunn déi sowjetesch Autoritéite behaapt, si wéissten näischt dovun. Eréischt am September 1993 ass de "Schaz" op eemol am Puschkin-Musée zu Moskau opgedaucht. Demandë vun Däitschland, en nees erëmzekréien, ware bis ewell ouni Succès.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Traill, David (1997). Schliemann of Troy: Treasure and Deceit, St. Martin's Press, 1997, ISBN 0-312-15647-2
  • Irina Antonova, Vladimir Tolstikov, Mikhail Treister: The Gold of Troy. Searching for Homer's Fabled City. Thames & Hudson Ltd, London 1996, ISBN 0-500-01717-4.
  • Konstantin Akinscha, Grigori Koslow: Beutekunst. Auf Schatzsuche in russischen Geheimdepots. Deutscher Taschenbuch Verlag, München 1995, ISBN 3-423-30526-6.
  • Kultur-Ministerium der Russischen Föderation, Staatliches Puschkin-Museum für Bildende Künste: Der Schatz aus Troja. Die Ausgrabungen von Heinrich Schliemann. Leonardo Arte, Mailand 1996, ISBN 88-7813-707-3, (Ausstellungskatalog, Moskau, Puschkin Musée 16. Abrëll 1996 – 15. Abrëll 1997).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schaz vum Priamos – Biller, Videoen oder Audiodateien