Schlësselharf

Vu Wikipedia
Schlësselharf (Eric Sahlström)

Eng Schlësselharf, op Schweedesch: nyckelharpa, Méizuel -harpor, ass e mëttelalterlecht Musekinstrument aus Skandinavien.

D'Schlësselharf ass zanter dem 15. Joerhonnert a Schweden, Dänemark an Norddäitschland gespillt ginn. An der schweedescher historescher Provënz Uppland ass se nach haut ënner dem Numm nyckelharpa oder nyckelgiga (Schlësselgei) an der Volleksmusek erhalen.

D' Schlësselharf ass e Sträichinstrument. Mat engem Bou ginn hir Säiten a Schwéngunge versat. D'Tounhéicht vun de Melodiesäite gëtt duerch d'Drécke vu Knäppercher, an dësem Fall de "Schlëssele" bestëmmt, sou wéi bei der Dullemajik.

D'Material[änneren | Quelltext änneren]

De Resonanzdeckel ass meeschtens aus Fiichtenholz. D'Schinn, de Buedem an den Hals kënnen aus Aaschtert, Alenter oder Fiicht sinn.

D'Spillpositioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Schlësselharf gëtt normalerweis horizontal wéi eng Gittar gehalen, a mat engem Schëllerrimm gestäipt. Et gëtt der och, déi se am Sëtze spillen.

Varianten[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Form hier gëtt et vill Variante vun der Schlësselharf. Dobäi hänkt et dovun of, ob d'Instrument Resonanzsäiten (engl.: sympathetic strings) huet oder net. D'Resonanzsäite ginn net mam Bou beréiert, mä se ginn duerch Téin, déi aktiv gespillt ginn an deenen hir Uewertéin mat un d'Schwénge bruecht.

Schlësselharfen ouni Resonanzsäite sinn, d' Mora-Harpa, d' Esse-Harpa, déi aus dem Weste vu Finnland staamt, oder déi norwegesch Schlësselharf vu Vefsen.

Schlësselharfe mat Resonanzsäite sinn d' Enkelharpa, d'Silver- an d' Kontrabasharpa, an déi chromatesch Schlësselharf, mat hiren zwielef Resonanzsäiten, dat déi modernst Form vun der Instrumentefamill ass. D'Zuel vun de Resonanzsäiten, a wéi se gestëmmt sinn, ka staark variéieren.

De Marco Ambrosini spillt op enger Schlësselharf

Op CD[änneren | Quelltext änneren]

  • The Silver-bass Nyckelharpa I gespillt vum Sigurd Holmberg an der Serie Historic recordings of Swedish folk music: IV, Hurv KRCD-27

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nyckelharpa – Biller, Videoen oder Audiodateien