Schlass 't Loye

Vu Wikipedia
D'Schlaass 't Loye vun hanne gesinn

D'Schlass 't Loye steet an der Gemeng Lummen an der belscher Provënz Limburg.

Am Schlass hunn a senger méi wéi 500järiger Geschicht bekannt Leit a Familljen aus dem Limburg gewunnt, dorënner z. B. de Jan-Lodewijk van Elderen, dee vu 1688 - 1694 Prënz-Bëschof vu Léck war.

D'Schlass ass eng Mëschung vu verschiddene Baustiler a gouf ëm e Festungstuerm aus dem Mëttelalter ëm 1429 opgeriicht. D'Schlasskapell ass am gotesche Stil gebaut.

Am Laf vun de Joerhonnerte gouf um Schlass gerappt an ëmgebaut, an doduerch fënnt een Elementer aus dem Renaissancestil vun ëmt 1650 a vum Klassizistesche Stil aus dem Maasland vu 1780 erëm.

Déi ganz Proprietéit ass 300 ha grouss an um Schlass wunnt d'Famill vum Chevalier de Fabribeckers de Cortils et Grâce.

Koordinate vum Schlass: 50° 57’ 17’’ N 05° 11’ 51’’ O