Schleck

Vu Wikipedia
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Familljennumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia.

Schleck ass e Familljennumm, dem seng Etymologie op mhd. slec, -ckes ("Schneekerei") zeréckgeet, an deemno ursprénglech e "Schneekert" oder "Gourmang" bezeechent huet.[1]

Et ass den Numm vun ënner anerem:

  • Auguste Schleck (1906 - ?), lëtzebuergesche Vëlossportler;
    • Johny Schleck (* 1942, Stad Lëtzebuerg), lëtzebuergesche Vëlossportler (Papp vum Fränk a vum Andy Schleck);
      • Steve Schleck, fréiere lëtzebuergesche Vëlossportler a Lokalpolitiker, Schäffen (déi Gréng) an der Gemeng Munneref (eelste Brudder vum Andy);
      • Fränk (René) Schleck (* 1980, Lëtzebuerg), lëtzebuergesche Vëlossportler (grousse Brudder vum Andy);
      • Andy (Raymond) Schleck (* 1985, Stad Lëtzebuerg), lëtzebuergesche Vëlossportler (klenge Brudder vum Fränk).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche "Schleck" am Luxemburger Familiennamenatlas; lfa.uni.lu.