Schleis vun Ittre

Vu Wikipedia
D'Schleis vun Ittre

D'Schleis vun Ittre oder och Schleis 5F ass eng Schëffsschleis um P.K. 41,44 vum Kanal Charleroi-Bréissel bei Ittre. Mat engem Niveausënnerscheed vun 13,30 m ass et déi zweethéchst Schleis an der Belsch.[1]

De Suffix F kënnt dohier, well beim Bau déi al Schleis N° 5 nach a Betrib war, a fir se vun där z'ënnerscheede krut se den F (fir future) bäigeprafft, deen se dann och nodeem déi aner ausser Betrib war, behalen huet.

Mat den Dimensiounen 90 m × 12 m ass se zougelooss fir d'Schëffsklass IV bis 1.350 Tonnen.

Well d'Schleis sou héich ass huet s'en enorme Waasserverbrauch, a fir d'Stréimungswell déi doduerch entsteet e bësselchen ze bremsen, gouf virun an hanner der Schleis de Kanal mat engem hallefkreesfërmege Baseng vergréissert. Am ieweschte Baseng gouf de Yachthafe vun Ittre ugeluecht, an am ënneschte si sechs Raschtplaze fir Penichen.

De Waasserdefizit deen duerch e Schleisevirgank entsteet kann net ëmmer séier genuch duerch den Zoulaf vun uewen kompenséiert ginn, soudatt eng Pompelstatioun gebraucht gëtt, déi de momentanen Iwwerschoss aus ënneschte Schleisebaseng erëm an den ieweschte pompelt. Dat geschitt mat Hëllef vun dräi Pompelen wouvu jiddwereng 1,9 m3 an der Sekonn pompelt.

Wéinst der grousser Héicht ass se mat Polleren ekipéiert déi sech un d'Héicht vum Waasser an der Schleisekummer upassen.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Déi héchst ass d'Schleis vu Lanaye an déi drëtthéchst déi vu Péronnes