Schnuddelpiisch

Vu Wikipedia
Schnuddelpiisch
Eng Schnuddelpiisch

Eng Schnuddelpiisch
Eng Schnuddelpiisch
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordadéieren
Ënnerstamm: Wierbeldéieren
Iwwerklass: Kifermünder
Infraklass Fësch
Klass: Schankefësch
Uerdnung: Perciformes
Ënneruerdnung: Percoidei
Famill: Pijen (Percidae)
Gattung: Gymnocephalus
Wëssenschaftlechen Numm
Gymnocephalus cernua
(L., 1758)

D'Schnuddelpiisch (Gymnocephalus cernua, och Steepiisch, Houerekand[1], Krapp oder Grop[2]) ass e Fësch aus der Famill vun de Pijen (Percidae), deen a mëttel- an osteuropäesche Flëss an am Baltesche Mier verbreet ass.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Si kënnt an Europa nërdlech vun de Pyrenäen (a West- a Mëttelfrankräich ausgesat) a vun den Alpe vir, a Flëss, déi an d'Nordmier, d'Baltescht Mier, d'Wäisst Mier, d'Barentmier, d'Schwaarzt Mier an an d'Kaspescht Mier lafen, souwéi an deene Flëss hire Basengen. Ausserdeem lieft s'an England (ma net a Schottland a Wales), an a Sibirien a Flëss, déi an d'Arktescht Polarmier lafen (ëstlech bis Kolyma). Si ass och am brackege Waasser vum Baltesche Mier doheem, a gouf an de Grousse Séie vu Finnland ausgesat.

Morphologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Schnuddelpiisch gëtt gewéinlech 12 bis 15 cm grouss, maximal alt emol 25 cm, a weit bis zu 400 g. D'Héicht vun hirem Kierper entsprécht 24 bis 27 % vun der Längt. Se huet eng breet Stier an eng spatz Schnëss. Um Kiemendeckel ass e laange kräftege Stachel, um Virkiemendeckel sinn der e puer méi kuerzer. Am Géigesaz zu der Flosspiisch (Perca fluviatilis) ass d'Réckefloss vun der Schnuddelpiisch net gedeelt, an huet 12-16 Stachelen. Si huet 35 bis 36 Wierbelen. Hir Faarf ass olivbrongelzeg bis grogréng, mat donkelen onreegelméissege Flecken. Laanscht d'Säite si se gielzeg; d'Broscht schimmert roudelzeg, an de Bauch ass wäisselzeg oder hellgréng.

Liewensweis[änneren | Quelltext änneren]

D'Schnuddelpiisch lieft a klenge Gruppen a Gewässer, déi räich un Nierstoffer sinn, an déi lues oder guer net fléissen, a gär sandege Buedem hunn. Am dackste fënnt ee se bei de Mündunge vu grousse Flëss, a brackege Küsteregiounen. Se erniert sech vun Zooplankton, vu Larve vun Zuckmécken, Wierm, Floukriibsen, souwéi vun den Eeër an der Brutt vu Fësch. Wéinst hire gutt entwéckelte Säitelinnenorganer ka s'och gutt am Däischtere joen. D'Schnuddelpije läichen tëscht Mäerz a Mee, jee no Gréisst vum Weibchen, tëscht 50.000 an 100.000 Eeër, déi a jellizege Schnéier oder Kludderen op Steng, méi sielen och op Waasserplanzen, geluecht ginn. No 8 bis 12 Deeg ginn d'Larven aus. D'Weibercher ginn zéng Joer al, d'Männercher der siwen.

D'Schnuddelpiisch zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fritz Terofal: Steinbachs Naturführer, Süßwasserfische. Ulmer, Stuttgart 2003, ISBN 3-8001-4296-1.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gymnocephalus cernuus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wörterbuch, Band 2
  2. Fësch Lexikon, zesummegestallt vum Nico Weyland, René Neumann a Lucien Thill. Mäerz 07. sff.lu (nogekuckt: 2024-03-11)