Secret Passage

Vu Wikipedia
Secret Passage
Film
Produktiounsland Groussbritannien
Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2001
Première 2004
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Ademir Kenovic
Dréibuch Dominique Bursztejn
Jean-François Goyet
Ademir Kenovic
Olivier Bonas
Fotografie Vilko Filac
Produzent Delux Productions
Zephyr Films
Schauspiller
John Turturro als Paolo Zane
Katherine Borowitz als Isabel
Tara Fitzgerald als Clara
Hannah Taylor-Gordon als Victoria
Anton Rodgers als Foscari
Ronald Pickup als Da Monte
Richard Harrington als Josef
Seymour Matthews als Ruben
Marc Pickering als Andrea Zane
Carmen Sorrenti als Francesca
Adam Kotz als Inquisitor
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre
Vue op een Deel vum Set
Eng aner Vue

Secret Passage ass e Spillfilm aus dem Joer 2001 dee vum Ademir Kenovic realiséiert (an zum Deel geschriwwe) gouf. Et ass eng lëtzebuergesch-brittesch Koproduktioun.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

1492: D'Isabel an d'Clara, zwee jiddesch Meedercher, si bei hirer Flucht aus Spuenien an um Wee op Istanbul zu Venedeg ukomm. D'Isabell hëlleft do anere Flüchtlingen, fir virun der Inquisitioun a Sécherheet ze kommen, iwwerdeems d'Clara sech an den Adlege Paolo Zane verléift…

"Venedeg-op-der-Uelzecht"[änneren | Quelltext änneren]

Fir de Film Secret Passage gouf op der Lentille Terre Rouge zu Esch-Uelzecht vun enger 300 Handwierker an Aarbechter bannent 6 Méint eng méi wéi 6 ha grouss Kuliss an Originalgréisst vu Venedeg am 15. Joerhonnert gebaut, inklusiv de Kanäl, deenen hir Dausende vu Meter-Kibb Waasser mat Liewensmëttelfaarf gréng gefierft goufen, fir echt auszegesinn. D'Käschte vun där Kuliss goufen op 5 Milliounen Dollar geschat[1]. Gedréit gouf am Summer 2001, am September (an e puermol duerno) gouf de Set fir de Public opgemaach.

Och fir aner Filmer gouf de Set benotzt, sou z. B. The Merchant of Venice vum Michael Radford, Der Herr der Diebe , De-Lovely vum Irvin Winkler, Ma femme s'appelle Maurice vum Jean-Marie Poiré, Girl with a Pearl Earring vum Peter Webber (woubäi Deeler esou ëmdekoréiert goufen, fir wéi Delft am 17. Joerhonnert auszegesinn), eng BBC-Produtioun iwwer de Lord Byron an deen een oder anere Publicitéitsspott.[2]

Am Summer 2005 gouf de Set da fir zerguttstert ofgerappt,[3] well déi hëlzen a gappe Konstruktioun net gebaut gi war fir laang ze halen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Josée Hansen: "Potemkin Lock" d'Lëtzebuerger Land vum 27. Juli 2001.
  2. "François Biltgen assiste au tournage du film 'The Merchant of Venice' à Esch-Belval" (sic) gouvernement.lu, 28.11.2003.
  3. land.lu: Al Pacino meets Andy Bausch (1. September 2005)