Senlis (Oise)

Vu Wikipedia
Senlis
Land Frankräich
Regioun Hauts-de-France
Departement Oise
Arrondissement Senlis
Kanton Senlis
Postcode 60300
Gemengecode 60612
Koordinaten 49° 12’ 29’’ N
      02° 35’ 15’’ O
Fläch  2.405 ha
Bevëlkerung  15.845 (2011)

Senlis ass eng franséisch Gemeng am Departement Oise, an der Regioun Hauts-de-France. Op enger Fläch vu 24,05 km² wunne 17.192 Awunner (1999).

Senlis gouf, well et gënschteg op enger Kräizung louch, vun de Réimer als Augustomagus gegrënnt. Am 3. Joerhonnert gouf, fir et zer verdeedegen, e 4 Meter héije Rempart gebaut, vun deem haut nach Reschter ze gesi sinn. Duerno gouf Senlis Kinneksstad: den Hugues Capet gouf hei 987 zum Kinnek gewielt. E Palais gouf gebaut, d'Stad krut eng nei Stadmauer, an 1191 gouf d'fréigotesch Kathedral Notre-Dame, un där 1153 ugefaange gouf, ze bauen, ageweit. Se krut am 13. Joerhonnert en Tuermopsaz an am 16., no engem Feier, en héichgotescht Queeschschëff.

Och kuckeswäert sinn d'Probstei St. Maurice, d'Kapell Saint-Frambourg, d'Stadhaus an d'Privathaiser aus dem 17. an 18. Joerhonnert.

D'Kathedral Notre-Dame

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Senlis (Oise) – Biller, Videoen oder Audiodateien