Sennenger Zoo

Vu Wikipedia
D'Entrée an de fréieren Zoo (2017)

De Sennenger Zoo war en Déierepark deen den 22. September 1968[1] opgaangen a bis géint 1981/82 zu Senneng an der Gemeng Nidderaanwen bestanen huet.

Den Zoo huet dem Jean Capus gehéiert, deen a sengem Beréng eng Rëtsch deelweis exotesch a wëll Déieren „ausgestallt“ hat. Den Zoo gouf vum Jean-Pierre Gloden, deemolege Buergermeeschter vun der Gemeng Nidderaanwen ageweit[2]; am éischte Joer hat den Zoo 125.000 Visiteuren[3], ma iwwer d'Jore goufen et ëmmer nees negativ Stëmmen an Artikelen iwwer de schlechten Zoustand vum Zoo an den desolaten Zoustänn ënner deenen d'Déiere gehale géifen[4]. An engem Rapport hat de Schwäizer Zoolog Carl Stemmler „skandaléis“ Konditiounen an „Déierequälerei“ festgehalen, grad wéi „ze vill Déieren op enkstem Raum“[5].

Den Zoo mat all senge Gebaier war ouni Baugeneemegung opgemaach ginn, wouduerch e weeder un déi kommunal Waasserleitung nach un d'Kanalisatioun ugeschloss war[5]. Uganks 1974 hat d'Geriicht en Urteel gesprach, datt den Zoo misst zougemaach ginn; net wéinst Déierequälerei, mä well keng Baugeneemegung fir d'Ställ virlouch[6]. De Capus ass a Recours gaangen, krut awer net Recht[7]. D'Uerteel ass awer ni vollstreckt ginn, sou datt den Zoo weiderhin opblouf[3]. 1980 gouf et dunn eng nei Geriichtsaffäre mat engem neien Urteel, datt den Zoo misst zou gemaacht ginn. Déi definitiv Fermeture war dunn am Joer 1981 oder 1982[3].

Am Februar 2007 gouf bekannt, datt de Staat d'Terraine vum fréieren Zoo opkaaft huet[8].

Am Juli 2008 gouf et e Projet fir niewent dem Site vum fréieren Zoo e Schéissstand opzemaachen. Iwwerdeems d'Gemeng Nidderaanwen e positiven Avis fir de Projet ginn hat, war d'Nopeschgemeng Schëtter awer dogéint[9]. No engem juristeschen Hin an Hier konnt de Schéissclub Bloëbierg awer 2011 mam Schantjen ufänken an de Schéissstand am Mee 2014 opmaachen. Déi offiziell Ouverture war den 13. November 2015[10].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sennenger Zoo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Das aktuelle Bild am Lëtzeburger Land Nr. 38 vum 20. September 1968, S. 1
  2. Brief an den Herausgeber - Zoobesitzer Capus antwortet am Lëtzebuerger Land Nr. 10 vum 5. Mäerz 1971, S. 8
  3. 3,0 3,1 3,2 Abandoned Senningen Zoo – Luxembourg (en) op makingthemarrow.com den 9. Juni 2013, fir d'lescht gekuckt de 16. Mäerz 2019
  4. Jacques Drescher, Heiter bis wolkig - Ein Besuch im Zoo am Lëtzebuerger Land vum 26. Mee 1978, fir d'lescht gekuckt de 16. Mäerz 2019
  5. 5,0 5,1 Bonanza der Inkompetenz - Vom Senninger Rattenzoo, der Presse, den Behörden und uns allen am Lëtzebuerger Land Nr. 5 vum 29. Januar 1971, S. 5
  6. Dem Senninger Zooherren... am Lëtzebuerger Land Nr. 2 vum 11. Januar 1974, S. 2
  7. Nelly Moia, (1992). Für die Tiere. Esch/Alzette, S. 117: Au sujet du zoo de Senningen, Tageblatt 7. November 1981
  8. Luc Caregari, Ancien zoo: Escape from the Zoo (fr) op woxx.lu den 23. Februar 2007, fir d'lescht gekuckt de 24. Mäerz 2019
  9. Jugement vum 14. Mäerz 2011 vum Tribunal administratif (1. Chamber) Recours formés par Monsieur ..., …, et consorts contre des décisions du bourgmestre de la commune de Niederanven en présence de l'association sans but lucratif ..., … en matière d'urbanisme
  10. Historique du Schéissclub Bloëbierg op bloebierg.lu, gekuckt de 24. Mäerz 2019