Sentier des poètes

Vu Wikipedia
Sentier des poètes
An anere
Sproochen:
lb: Dichterpad
de: Dichterpfad
en:
nl:
Streck: Ronnwanderwee
Distanz: 9 km

Sentier des poètes ass den offiziellen Numm vum Dichterpad, engem thematesche Wanderwee zu Rodange an der Gemeng Péiteng. De Ronnwanderwee féiert duerch de Bësch ronderëm den Tëtelbierg a laanscht zwielef Liesstatioune mat literareschen Texter, déi speziell fir dësen Zweck vu lëtzebuergeschen Auteure geschriwwe goufen.

De Wee huet dräi Departen, ass kamoud ze goen an ass deelweis mam Rollstull ze fueren.

De Wanderpad gouf am Kader vum Internationale Joer vum Bësch 2011 an enker Zesummenaarbecht tëscht der Natur- a Bëschverwaltung, dem Nationale Literaturzentrum an der Gemeng Péiteng ageriicht a gouf de 15. Oktober 2011 offiziell ageweit. D'Iddi fir sou e Wee zu Lëtzebuerg anzeriichte staamt vun der Organisatioun ArtMadeinLuxembourg.

Déi zwielef Liesstatiounen um Pad[änneren | Quelltext änneren]

  1. Jean Back: Fitbull
  2. Linda Graf: Rue de la Forêt
  3. Nico Helminger: Achtung,
  4. Danielle Hoffelt: arborescences
  5. Lex Jacoby: Ich bin der Wald, und wenn ich Flammen träume, brennt mein Herz
  6. Josiane Kartheiser: Och du fënns däi Bam
  7. Colette Mart: Les mots pour les feuilles mortes
  8. Claudine Muno: “Wolléken”
  9. Jean Portante: l'arbre noir
  10. Guy Rewenig: Du dreifs mech op de Beemchen
  11. Léon Rinaldetti: Innerung
  12. Michèle Thoma: Unter allen Gipfeln

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]