Sergei Semjonowitsch Sobjanin
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Sergei Semjonowitsch Sobjanin | |
|---|---|
|
am Joer 2011 | |
| Gebuer |
21. Juni 1958 Njaksimwol |
| Nationalitéit | Russland |
| Aktivitéit | Ingenieur, Jurist, Politiker, Staatsmann |
| Partei | Eenegt Russland |
| Fonctioun | Lëscht vun de Buergermeeschtere vu Moskau, Representant vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot |
|
| |
De Sergei Semjonowitsch Sobjanin (Сергей Семёнович Собянин), gebuer den 21. Juni 1958 zu Njaksimwol am Oblast Tjumen, ass e russesche Politiker.
Hie war ë. a. Generalgouverneur vum Ural-Gebitt a Chef vun der Presidialverwaltung ënner dem Wladimir Putin. Zanter Mee 2008 ass hie Vizepremier an zanter dem 21. Oktober 2010 och nach Buergermeeschter vun der Stad Moskau.
Perséinleches
[änneren | Quelltext änneren]De Sergei Sobjanin ass mat der Irina Iossifowna Sobjanina (gebuere Rubintschik) bestuet. Déi studéiert Ingenieurin vun Tjumen huet eng eege Stroossebaufirma a lieft mat hirem Mann zu Moskau. Mat hir huet hien zwee Meedercher kritt, d'Anna (* 1986) an d'Olga (* 1997). Déi eelst Duechter Anna huet zu Sankt Péitersbuerg eng Schauspillerausbildung gemaach a lieft elo do mat hirem Mann Alexandr Jerschow.
De Sergei Sobjanin ass russesch-orthodox.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Sergei Sobjanin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
