Shackleton (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Shackleton
De gerlache shackleton sverdrup crater.jpg
Krater Shackleton a Südpol
(Foto: Clementine)
Koordinaten 87°S, 0°O
Duerchmiesser 20,92 km
Déift 2.000 m
Selenographesch Längt 0° bei Sonnenopgank
Genannt no Ernest Shackleton
Genannt am Joer 1994
Moundvéiereck LQ30

De Shackleton ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit direkt nieft dem Südpol vum Äerdmound. Wéinst senger besonnescher Lag sinn e puer héich Spëtzten um Kraterrand ëmmer der Sonnestralung ausgesat, während den Zentrum dauernd am Schiet läit. Dofir gouf de Krater als eng vun de méigleche Plaze fir d'Ariichte vun enger Moundkolonie diskutéiert, well Solarpaneilen, déi op deene Spëtze stéingen, eng stänneg Stroumversuergung erlabe géifen. Zudeem gëtt ugeholl, datt sech am Kraterzentrum eventuell flüchteg Stoffer wéi Waasseräis ugesammelt hätten.

De Krater gouf 1994 vun der I.A.U. nom britesche Polarfuerscher Ernest Shackleton genannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]