Sheepshanks (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Moundkrater Sheepshanks
D'Lag vum Moundkrater Sheepshanks
Eegenschaften
Breet 59,25° N
Längt 17,02° O
Duerchmiesser 17,02 km
Déift 3850 m[1]
Selenographesch Längt 17° bei Sonnenopgank
Genannt nom Anne Sheepshanks
(1789–1876)
Genannt am Joer 1935

De Sheepshanks ass e relativ klengen Aschlagkrater um nordëstleche Rand vun der viischter Moundsäit, um Nordrand vum Mare Frigoris, südlech vum Krater C. Mayer.

De Kraterrand ass kaum erodéiert. Den Zentrum huet keen Zentralbierg.

Südlech vum Sheepshanks leeft d'Moundrill Rima Sheepshanks a Richtung Krater Gärtner.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 60° N, 18,93° O7 7 km [1]
B 60,31° N, 21,06° O7 5 km [2]
C 57,03° N, 18,08° O7 10 km [3]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. no der Sponsorin Anne Sheepshanks, Schwëster vum britteschen Astronom Richard Sheepshanks, genannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.