Op den Inhalt sprangen

Shōhei Imamura

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Shohei Imamura)
Shōhei Imamura
Gebuer 15. September 1926
Tokio
Gestuerwen 30. Mee 2006
Tokio
Doudesursaach Liewerkriibs
Nationalitéit Japan, Dai-Nippon Teikoku
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmproduzent, Enseignant, Regisseur
Gielercher Palme d'or, Palme d'or, Chevalier vum Ordre des Arts et des Lettres‎

De Shōhei Imamura, (jap. 今村 昌平 Imamura Shōhei), gebuer de 15. September 1926 zu Tokio, an do gestuerwen den 30. Mee 2006, war e japanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Um Filmfestival zu Cannes krut de Shōhei Imamura zweemol déi Gëlle Palm

De Shohei Imamura kënnt an enger gutt situéierter Famill op d'Welt. Hien ass den drëtte Bouf vu véier Kanner. Säi Papp ass Dokter an dat huet de Shohei predestinéiert fir de selwechte Wee anzeschloen. Mä et ass éischter den 12 Joer méi ale Brudder, dee sech fir Theater intresséiert an och an enger Trupp spillt, deen Afloss op de Shohei huet.

1945 schreift den Imamura sech op der renomméierter Waseda Universitéit an, a studéiert Literaturwëssenschaften. E Film vum Akira Kurosawa bréngt hien dozou selwer och Regisseur wëllen ze ginn.

1951 kënnt e bei de Filmstudio Shochiku, wou och den Yasujiro Ozu schafft a hie gëtt dem Ozu säin Assistent bei de Filmer Eté précoce (麦秋 Bakushû, 1951), Le goût du riz au thé vert (お茶漬の味, Ochazuke no aji, 1952) a Voyage à Tokyo (東京物語, Tokyo monogatari, 1953).

Déi enk Zesummenaarbecht féiert dozou, datt den Imamura spéider ëmmer erëm mam Ozu verglach gouf. Den Imamura selwer awer war der Meenung, datt den Ozu nëmme géif dat “offiziellt“ Japan mat sengen Traditioune weisen, wärend hien um wierkleche Japan intresséiert wier.

1954 verléisst den Imamura d'Shochiku Studioen a geet bei Nikkatsu wou en 1958 säin éischte Film dréie kann Désirs volés. Nikkatsu war iwwer dës méi radikal an exzentresch Produktioun net wierklech erfreet an huet den Imamura gezwonge méi op reng Ënnerhalung ausgeriichte Filmer ze dréien. Et sinn dat Devant la gare de Ginza, Désir inassouvi a Mon deuxième frère.

1961 däerf en nees en eegene Projet realiséieren. Cochons et cuirassés iwwer déi amerikanesch Militärbase zu Yokosuka. Nikkatsu war entsat, an déi nächst zwee Joer krut den Imamura keen Optrag. 1963 inzenéiert hien La femme insecte an 1964 Désir meurtrier. Mat dësen dräi Filmer kann den Imamura sech als ee vun de wichtegste Personnagë vun der japanescher Nouvelle Vague etabléieren.

Fir eege Projeten ouni Contraintë kënnen ze realiséieren, grënnt de japanesche Regisseur 1965 seng Produktiounsfirma Imamura Productions. Éischte Film ass dem Akiyuki Nozaka säi Buch Erogotoshi-Tachi (Les pornographes) aus dem Joer 1963 iwwer d'Liewen zu Osaka.

Komplett Filmographie

[änneren | Quelltext änneren]
JoerOriginaltitelFranséischen TitelLëtzebuergesch
200311'09"0111'09"0111'09"01
2001Akai hashi no shita no nurui mizuiDe l'eau tiède sous un pont rougeWotlecht Waasser ënner enger rouder Bréck
1998Kanzo SenseiDocteur AkagiDokter Liever
1997UnagiL'anguilleDen Éil
1989Kuroi AmePluie noireSchwarze Reen
1987ZegenLe seigneur des bordels
1983Narayama BushikoLa ballade de Narayama
1981EijanaikaEijanaikaFirwaat net?
1979Fukushu wa ware ni ariLa vengeance est à moi
1975Zoku Mikikanhei o OtteÀ la recherche des soldats perdus III
1975Karayuki SanKarayuki-san - ces dames qui vont au loinD'Madame Karayuki
1973Muhomatsu Koyo ni KaeruMuhomatsu revient au pays natal
1972Bubuan no kaizokuLes pirates de Bubuan
1971Mikikanhei O OtteEn suivant ces soldats qui ne sont pas revenus
1970Nippon sengo shi: Madamu Omburo no seikatsuHistoire du Japon racontee par une hotesse de bar
1968Kamigami no Fukaki yokuboProfond Desir des dieux
1967Ningen JohatsuL'Evaporation de l'homme
1966Jinruigaku Nyumon: Erogotshi yoriLe Pornographe
1964Akai Satsui 赤い殺意Désir meurtrier
1963Nippon Konchuki にっぽん昆虫記La femme insecteD'Insektefra
1961Buta to Gunkan 豚と軍艦Cochons et cuirassésSchwäin a Krichsschëffer
1959Nianchan にあんちゃんMon deuxième frèreMäin zweete Brudder
1958Hateshi Naki Yokubo 果てしなき欲望Désir inasouvi
1958Nishi Ginza Eki mae 西銀座前駅Devant la gare de GinzaVirun der Gare vu Ginza
1958Nusumareta Yokujo 盗まれた欲情Désirs volés

QUANDT, James: Shohei Imamura, Toronto International Film Festival Group, Toronto, 1997.

 Commons: Shōhei Imamura – Biller, Videoen oder Audiodateien