Sidonie Goossens

Vu Wikipedia
Sidonie Goossens
Gebuer 19. Oktober 1899
Gestuerwen 15. Dezember 2004
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Musekspedagog, Komponist
Famill
Geschwëster Eugène Aynsley Goossens

D'Sidonie Goossens gebuer den 19. Oktober 1899 zu Liscard op Mersey; a gestuerwen de 15. Dezember 2004 zu Reigate am Surrey, am Alter vun 105 Joer, war eng brittesch Harfspillerin.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hir Famill staamt aus der Belsch. Hire Grousspapp, den Dirigent Eugène Goossens ass am 19. Joerhonnert aus der Belsch an England geplënnert an huet sech zu Liverpool néiergelooss. Säi Jong, den Eugène Aynsley Goossens, gouf och Orchesterdirigent.

Si war dat jéngst Kand vu fënnef. No Course bei der Miriam Timothy, huet se mat 16 Joer fir d'éischt ëffentlech gespillt. 1921 huet hir Schwëster Marie an de Proms gespillt a si war un der zweeter Harf. 1923 gouf se vun der BBC engagéiert an ass kuerz drop duerch d'USA op Tournée gaangen.

No enger Zäit vu reegelméissegen Optrëtter am Covent Garden ënner dem Sir Thomas Beecham an dem Bruno Walter ass si vum Adrian Boult 1930 invitéiert ginn, fir beim BBC Symphony Orchestra matzemaachen, deen de Boult wollt grënnen. Sou ass si Grënnungmember an éischt Harfspillerin ginn. Si hat sech schonn 1924 mat dem Hyam Greenbaum bestuet, engem Violonist, Komponist a Musekarrangeur, deen 1942 am Alter vun 41 Joer duerch Alkoholismus gestuerwen ass. Hien ass ni doriwwer ewech komm, datt hire Bouf bei der Gebuert gestuerwen ass.

Mat dem neigegrënnte BBC-Orchester huet si ënner deene berüümtsten Dirigente gespillt, dem Arturo Toscanini, dem Willem Mangelberg, Richard Strauss, Serge Koussewitzky, Felix Weingartner an dem Bruno Walter. Si war och bei der éischter Plackenopnam mat dobäi. Am Zweete Weltkrich ass si mat dem ganzen Orchester op Bristol geplënnert, eng Stad, déi kuerz drop vun nazidäitsche Fliger bombardéiert gouf. Si war Chef-Harfspillerin vum BBC Symphony Orchestra vun 1930 bis zu hirer Pensioun, 50 Joer méi spéit. 1924 war si déi éischt, déi an enger Radiosendung en Harfsolo gespillt huet.

Géint d'Enn vum Krich huet se sech mat engem schotteschen Zaldot bestuet, dem Norman Millar, genannt Bumps, dee méi spéit dem Beecham säi Manager fir de Royal Philharmonic Orchestra gouf. Si hunn e 400 Joer aalt Bauerenhaus no bei Reigate am Surrey kaaft, wou se Schwäin an Hénger geziicht hunn. No dem Millar sengem Doud (1991) ass d'Sid, wéi se vu gudde Frënn genannt gouf, do wunne bliwwen.

An der 60er Joren ass si mat dem BBC-Orchester ënner dem Pierre Boulez nach ronderëm d'Welt gereest: 1966 an d'USA, 1967 a Russland an a Japan am Joer 1975.

Wéi den Orchester seng 50 Joer gefeiert huet, ass e Galaowend organiséiert gi fir d'Sidonie Goossens, déi als eenzege Museker vun Ufank un dobäi war, ze feieren. Dee Gala gouf vum G. Roshdestvensky dirigéiert. D'Joer drop huet si opgehalen. 1991 huet se d'Gwinneth Jones an engem eegenen Arrangement vun The Last Rose of Summer an der Last Night of the Proms begleet.

Am Alter hat si e puermol e Schlag kritt, awer hire Geescht war kloer bis zum Enn. Si war just geplot mat Tinnitus, wat besonnesch fir e Museker eng schlëmm Laascht ass.

Den honnertste Gebuertsdag[änneren | Quelltext änneren]

Hiren 100ste Gebuertsdag gouf an der Wigmore Hall gefeiert. Sechs Harfspiller, dovun e puer vun hire Schüler, hunn hir e Ständche gespillt. Um Programm stoungen, ënner anerem, Wierker vun hirem verstuerwene Mann, dem Bumps, a vun hirem Brudder Eugène.

Gesëschter[änneren | Quelltext änneren]

CDen[änneren | Quelltext änneren]

  • INTA'GLIO huet 1991 en Enregistrement vun 1968 erausgi mat der Kompositioun vun der Lili Boulanger (1893-1918) Pie Jesu, pour voix seule, quatuor à cordes, harpe et orgue mat:
    • Janet Price, Sopran
    • Nadia Boulanger Direction, Orgue, Piano
    • Hugh Bean, Gei
    • Trevor Connor, Gei
    • John Cooling, Alto
    • Alan Dalziel, Cello
    • Sidonie Goossens, Harf
    • Simon Preston, Uergel