Silvia Torres-Peimbert

Vu Wikipedia
Silvia Torres-Peimbert
Gebuertsnumm Silvia Linda Torres y Castilleja
Gebuer 1940
Mexiko-Stad
Nationalitéit Mexiko
Educatioun University of California
Aktivitéit Astrophysiker, Astronom, Universitéitsprofesser, Physiker
Member vun International Astronomesch Unioun
Famill
Bestuet mat Manuel Peimbert

D'Silvia Torres-Peimbert (gebuere Linda Silvia Torres Castilleja), gebuer am Joer 1940 zu Mexiko-Stad, ass eng mexikanesch Physikerin an Astronomin.

D'Silvia Torres-Peimbert krut 1964 de BA an der Physik op der Universitéit vu Mexiko (UNAM) an am Joer 1969 de PhD an Astronomie op der Universitéit vu Kalifornien. Si goung am selwechte Joer an den Institut fir Astronomie um UNAM wou si 1973 Professer gouf. Si huet du vun 1998 bis 2002 den Institut als Direkter geleet.

Hir Fuerschungsschwéierpunkte beschäftegen sech mat physikaleschen Eegenschaften a Gasniwwelen, speziell mat der cheemescher Zesummesetzung vun H II Regiounen. Vill Fuerschungsaarbechten huet si zesumme mat hirem Mann Manuel Peimbert gemaach.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Presidentin vun der IAU vun 2015 - 2018.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]