Simmer Farm

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Déi fréier Simmerfarm (Summer 2018).

D'Simmer Farm war eng Ziichterei fir Heel- a Gewierzkraider beim Lieu-dit Simmerfarm am Äischdall.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéi 1932[1] d'Schmelz zu Stengefort hir Dieren zougemaach huet, war dat absënns fir d'Aarbechter eng batter Decisioun, well si all hir Aarbecht verluer hunn. Fofzeg vun hinnen hunn awer op der Simmer Farm eng nei Beschäftegung an enger staatlecher Statioun fir den Ubau an de Gebrauch un Heel- a Gewierzkraider[2] fonnt.

1934 hat de Staat en Terrain vum Jean-Vital Campill ofkaaf an op Initiativ vum Pierre Dupong dës Statioun gegrënnt, fir géint d'Aarbechtslosegkeet virzegoen, déi an der Regioun ëmmer méi zougeholl huet. Gläichzäiteg goufen sech Aspuerungen erhofft, well d'Kraider mat deierem Geld aus dem Ausland hu missen importéiert ginn.

D'Aarbechter kruten op der Statioun eng Plaz fir annerhalleft Joer. Si hu souzesoe vun der éischter staatlecher Beschäftegungsmoossnam profitéiert. Op der Simmerfarm goufen ongeféier 108 verschidden Heel- a Gewierzkraider gezillt. Aus de Kraider goufen Likören, Elixiren, Zoppen, Britten an aner Liewensmëttel hiergestallt.

1947 koume Gespréicher op, datt de Betrib vun der Simmer Farm net méi rentabel wier an d'Aarbechter nëmmen eng Woch iwwer déi aner schaffe géifen[3]. Dat huet sech duerno och confirméiert an 1949 huet de Staat d'Simmer Farm fir de Verkaf oder d'Locatioun ausgeschriwwen[4]. Duerch d'Gesetz vum 22. Mäerz 1950[5] krut d'Regierung erlaabt, d'Immobilië vun der Simmer Farm iwwer eng ëffentlech Stee ze verkafen. Den 23. Mee 1950 huet de Paul Reichel, de fréieren Exploitant vun der Farm, d'Immobilië fir 1,75 Millioune Frang gesteet[6].

Nodeems d'Simmer Farm als Kraiderproduzent zougemaach gouf, war se fir e puer Joer laang (1963-1967) un d'Firma Hatema verlount ginn, déi fir Dupont de Nemours chemesch Faseren ënnert dem Numm Dacron Fiber Fill fabrizéiert huet[7].

Haut sinn an de Gebailechkeete Wunnengen déi verlount ginn.

Produiten vun der Simmer Farm[7][änneren | Quelltext änneren]

Reklamm fir d'Valiska-Zoppen am Luxemburger Wort vum 4. Abrëll 1946.
  • Zoppekraider fir d'Krikox-Britt;
  • Valiska[8] Geméiszoppen;
  • Apéro Anise des sept châteaux;
  • Elixir jaune des 7 châteaux;
  • Simmerfarm's Kräuter-Magenbitter;
  • Crème de menthe;
  • Crème d'orange;
  • Crème de cacao;
  • Amer Valiska;
  • Apéro Anisé;
  • Cherry Brandy;
  • Schnorry;
  • Eaux dentifrices;
  • Alcool de Menthe;
  • natierleche Framboisejus;
  • Téi an Téimëschungen;
  • Zoppegeméis a gedréchent Geméis;
  • Gewierzer vun all Zort fir d'Hausfraen, Hotel-Restaurant a Metzler.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Simmer Farm – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Patrick Besch, Die Simmerfarm - Eine der ersten Beschäftigungsmaßnahmen in den 1930er-Jahren am Wort vum 11./12. August 2018, Säit 2

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Datum um Informatiounspanneau op der Simmerfarm
  2. Station d'expérimentation pour plantes médicales
  3. Tribune libre - Sabotage oder net? an: D’Unio’n vum 11. Mäerz 1947, Säit 4
  4. Annonce am Escher Tageblatt vum 14. Juli 1949, Säit 8
  5. Loi du 22 mars 1950 autorisant le Gouvernement à vendre la propriété domaniale dite Simmerfarm op legilux.lu, gekuckt den 11. August 2018
  6. Versteigerung der Simmerfarm am Escher Tageblatt vum 24. Mee 1950
  7. 7,0 7,1 Simmerfarm op industrie.lu, gekuckt den 11. August 2018
  8. „Valiska“ vun: val = Dall an iska = Äisch