Simone Signoret
Simone Signoret | |
---|---|
Gebuertsnumm | Henriette Charlotte Simone Kaminker |
Gebuer |
25. Mäerz 1921 Wiesbaden |
Gestuerwen |
30. September 1985 Autheuil-Authouillet |
Doudesursaach | Bauchspäicheldrüsekriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Schauspiller, Iwwersetzer |
Famill | |
Bestuet mat | Yves Allégret, Yves Montand |
Papp | André Kaminker |
Kanner | Catherine Allégret |
D'Simone Signoret, gebuer als Simone Henriette Charlotte Kaminker de 25. Mäerz 1921 zu Wiesbaden, a gestuerwen den 30. September 1985 zu Auteuil-Authouillet, war eng franséisch Schauspillerin a Schrëftstellerin.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]D'Simone Signoret ass zu Wiesbaden op d'Welt komm, wou hire Papp, en Iwwersetzer, fir déi franséisch Besatzung nom Éischte Weltkrich geschafft huet. Si ass an der Bretagne opgewuess.
1940 ass d'Famill, well de Papp polnesch-jiddesch Originnen hat, op London geflücht. D'Simone Kaminsker ass nach dat selwecht Joer op Paräis zeréckgaangen, an huet do, ënner dem Meederchersnumm vun hirer Mamm, Signoret, als Sekretärin beim Le Petit Parisien geschafft.
1941 hat si hir éischt Filmroll. 1943 huet se sech mam Regisseur Yves Allégret bestuet, mat deem s'eng Duechter, d'Catherine Allégret, krut. 1950 huet se sech scheede gelooss an 1951 de Schauspiller Yves Montand bestuet.
D'Simone Signoret huet a ville grousse Filmer matgespillt a krut fir hir Rollen ë. a. de Präis fir déi bescht Interpretatioun um Filmfestival vu Cannes 1959 an en Oscar fir déi bescht weiblech Haaptroll an Room at the Top. 1978 krut se den César als bescht Schauspillerin fir Madame Rosa. Si huet och mat Succès Theater gespillt, besonnesch, zesumme mam Yves Montand an The Crucible (1957) an a Macbeth (1966) am Royal Court Theatre zu London.
Bekannt gouf si och fir hiert politescht Engagement. 1950 huet si mam Montand d'Stockholmer Declaratioun ënnerschriwwen, an där de Verbuet vun allemn Atomwaffe gefuerdert gouf, a krut doropshin verbueden, an d'USA anzereesen. Si huet ëffentlech géint den Amarsch vun der Sowjetunioun an Ungarn protestéiert, géint de Krich an Algerien, d'Franco-Regime a Spuenien an d'"Normalisatioun" an der Tschecholslowakei, an huet sech bei Aarbechterstreiken engagéiert.
Ee Joer virun hirem Doud huet si de Roman Adieu Wolodja erausbruecht.
D'Simone Signoret ass 1985 un de Suitë vun engem Kriibs gestuerwen a gouf um Kierfecht Père Lachaise begruewen, wou sechs Joer drop och hire Mann bäigesat gouf.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1941: Le Prince charmant vum Jean Boyer
- 1941: Boléro vum Jean Boyer
- 1942: L'Ange de la nuit vum André Berthomieu
- 1942: Les Visiteurs du soir vum Marcel Carné
- 1943: Le voyageur de la Toussaint vum Louis Daquin
- 1943: Adieu Léonard vum Pierre Prévert
- 1943: Béatrice devant le désir vum Jean de Marguenat
- 1943: Le mort ne reçoit plus vum Jean Tarride
- 1944: Service de nuit vum Jean Faurez
- 1945: Le Couple idéal vum Bernard Roland
- 1945: La Boîte aux rêves vum Yves Allégret a Jean Choux
- 1945: Les Démons de l'aube vum Yves Allégret
- 1946: Macadam vum Marcel Blistène a Jacques Feyder
- 1947: Fantômas vum Jean Sacha
- 1947: Against the Wind vum Charles Crichton
- 1947: Dédée d'Anvers vum Yves Allégret
- 1948: Impasse des Deux-Anges vum Maurice Tourneur
- 1950: Manèges vum Yves Allégret
- 1950: Der Reigen vum Max Ophüls
- 1950: Gunman in the Streets vum Boris Lewin a Franck Tuttle
- 1951: Ombre et Lumière vum Henri Calef
- 1951: Casque d'or vum Jacques Becker
- 1951: Sans laisser d'adresse vum Jean-Paul Le Chanois
- 1953: Thérèse Raquin vum Marcel Carné
- 1954: Les Diaboliques vum Henri-Georges Clouzot
- 1955: Mutter Courage vum Wolfgang Staudte (net fäerdeg ginn)
- 1956: La Mort en ce jardin vum Luis Buñuel
- 1957: Les Sorcières de Salem vum Raymond Rouleau
- 1959: Room at the Top vum Jack Clayton
- 1960: Adua et ses compagnes vum Antonio Pietrangeli
- 1961: Les Mauvais Coups vum François Leterrier
- 1961: Les amours célèbres, Sketch "Jenny Lacour" vum Michel Boisrond
- 1962: Term of Trial vum Peter Glenville
- 1962: Le Jour et l'Heure vum René Clément
- 1963: Dragées au poivre vum Jacques Baratier
- 1963: Le Joli Mai, Documentaire vum Chris Marker
- 1964: Aux grands magasins, Documentaire vum William Klein
- 1965: Compartiment tueurs vum Costa-Gavras
- 1965: La Nef des fous vum Stanley Kramer
- 1965: The Love Godlesses, Documentaire vum Saul J. Turell
- 1966: Paris brûle-t-il? vum René Clément
- 1966: MI5 demande protection vum Sidney Lumet
- 1967: Le Diable à trois vum Curtis Harrington
- 1968: La Mouette vum Sidney Lumet
- 1969: L'américain vum Marcel Bozzuffi
- 1969: L'armée des ombres vum Jean-Pierre Melville
- 1970: L'Aveu vum Costa-Gavras
- 1970: Le Deuxième Procès d'Arthur London, Documentaire vum Chris Marker
- 1971: Comptes à rebours vum Roger Pigaut
- 1971: Henri Langlois, Documentaire vum Roberto Guerra an Ella Hershon
- 1971: Le chat vum Pierre Granier-Deferre
- 1971: La Veuve Couderc vum Pierre Granier-Deferre
- 1973: Les Granges brûlées vum Jean Chapot
- 1973: Rude journée pour la reine vum René Allio
- 1975: La Chair de l'orchidée vum Patrice Chéreau
- 1976: Police Python 357 vum Alain Corneau
- 1978: La Vie devant soi vum Moshé Mizrahi
- 1977: Le fond de l'air est rouge, Documentaire vum Chris Marker
- 1978: L'Adolescente vun der Jeanne Moreau
- 1978: Judith Therpauve vum Patrice Chéreau
- 1979: Chère inconnue vum Moshé Mizrahi
- 1982: L'Étoile du Nord vum Pierre Granier-Deferre
- 1982: Guy de Maupassant vum Michel Drach
Kuerzfilmer
[änneren | Quelltext änneren]- 1946: Face à la vie vum René Chanas
- 1946: Ulysse ou les Mauvaises Rencontres vum Alexandre Astruc
- 1952: Jouons le jeu, sketch La Jalousie vum André Gillois
- 1952: Saint-Germain-des-Prés vum Marcello Pagliero
- 1953: Confidences en zig-zag sur l'amour vum André Gillois
- 1956: Un matin comme les autres / La Rose des vents vum Yannick Bellon
- 1969: Jour de tournage vum Chris Marker
Televisioun
[änneren | Quelltext änneren]- 1966: Une petite rébellion (A Small Rebellion) vum Stuart Rosenberg
- 1978: Madame le Juge (Serie)
- 1983: Thérèse Humbert vum Marcel Bluwal
- 1983: Des terroristes à la retraite, Documentaire vum Mosco Boucault (Stëmm)
- 1986: Music Hall vum Marcel Bluwal
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- La nostalgie n'est plus ce qu'elle était, éditions du Seuil, Paris, 1975 (ISBN 2-02004-520-6).
- Le lendemain, elle était souriante..., éditions du Seuil, Paris, 1979 (ISBN 9782020052580)
- Adieu Volodia, éditions Fayard, Paris, 1985 (ISBN 2-25303-956-X).
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Joëlle Monserrat, Simone Signoret, Paris, éditions PAC, 1983.
- Catherine David, Simone Signoret ou la Mémoire partagée, Paris, Robert Laffont, 1990.
- Catherine Allégret, Les Souvenirs et les Regrets aussi..., Paris, éditions Fixot, 1994, ISBN 2-72428-175-6
- Jean-François Josselin, Simone, Paris, Grasset, 1995.
- Huguette Bouchardeau, Simone Signoret: Biographie, Paris, Flammarion, 2005, 291 p. ISBN 2-08068-749-2
- Emmanuelle Guilcher, Signoret: Une vie, Paris, éditions Privé, 2005.
- Benjamin Castaldi, Dans les yeux de Simone, Paris, Albin Michel, 2010.
- Agnès Michaux, Les Sentiments, Paris, J'ai lu, 2011. ISBN 9782290036143
- Susan Hayward, Simone Signoret: The Star as Cultural Sign, London-New York, Continuum, 2004
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Simone Signoret – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Franséisch Filmschauspillerinnen
- Franséisch Theaterschauspillerinnen
- Franséisch Auteuren
- Gebuer 1921
- Gestuerwen 1985
- Suzanne-Bianchetti Präis
- Oscar fir déi bescht Schauspillerin
- César fir déi bescht Schauspillerin
- Bescht Schauspillerin beim Festival vu Cannes
- Franséisch Televisiounsschauspillerinnen
- Sëlwere Bier fir déi bescht Schauspillerin