Op den Inhalt sprangen

Sinah-1

Vu Wikipedia
Sina-1
TypÄerdobservatiounssatellit
Land Iran
AgenturIranesch Weltraumagentur
Bunnhéicht680 km
Bunnschréi98,1°
Mass160 kg
Bunn-Ëmlafzäit98,6 min
Start28. Oktober 2005, 06:52 UTC
StartplazPlessezk
DrorakéitKosmos-3M
Statusam Orbit

De Sinah-1 ass en iraneschen Äerdobservatiounssatellit.

De Satellit gouf den 28. Oktober 2005 ëm 6:52 UTC mat enger russescher Kosmos-3M vun der Rakéitestartplaz Plessezk aus an eng 680 km héich sonnesynchron Ëmlafbunn mat enger Inklinatioun vun 98,1° geschéckt[1]. Sinah-1 gouf a Russland vun NPO Poljot gebaut. De Präis fir den 160 kg schwéieren[2] an 0,8 × 1,3 × 1,6 m grousse[3] Satellit war 44 Milliounen US-Dollar.[4] D'Opléisung gëtt mat 50 m panchromatesch an 250 m multispektral, uginn.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ny2o: REAL TIME SATELLITE TRACKING - Sinah-1
  2. Gunter's Space Page: Sina 1
  3. TBS Satellite: Sinah 1
  4. Eurasisches Magazin: Russische Raketen für iranische Satelliten 25. Februar 2005