Sitkafiicht
Ausgesinn
|
| |
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
|---|---|
| Räich | Planzeräich |
| Iwwerofdeelung | Somplanzen |
| Ofdeelung | Nolholzplanzen |
| Uerdnung | Pinales |
| Famill | Pinaceae |
| Gattung | Fiichten |
| Aart | Sitkafiicht |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| ''Picae sitchensis '' | |
| (Bong.) Carrière | |
|
| |
D'Sitkafiicht (Picea sitchensis), ass en Nolebam deen an Nordwestamerika, vun Alaska bis an Nordkalifornien virkënnt. S'ass doduerch un e fiicht Klima, mat vill Nidderschléi a mëlle Wanteren ugepasst.
An Europa geet d'Sitkafiicht gutt op grënnege, frëschfiichte bis fiichte Biedem, an op Pseudogley mat kuerze Stauphasen. Op dréchene Biedem an a Lage mat dréchener Loft huet se keng Chance fir ze wuessen. Se verdréit de Schierm, wann en net ze laang unhält (z. B. e Virbau vun Elleren), ass awer empfindlech géint Spéitfrascht. Se gëtt net vum Wëld verbass, awer gefeet.
Ganz gutt mécht se sech a groussraimege Mëschunge mat Risemammutbeem, Hemlocksdännen, an Douglasdännen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Sitkafiichten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
