Solarwind

Vu Wikipedia

Solarwind, am EcoParc um Wandhaff, ass e véierstäckegt gréngt Gebai mat Wandmillen um Daach, solarthermesche Panéilen an engem Blummegaart op der Daachterrass, mat enger Rei beplanzte Maueren, Photovoltaik an der Fassad, Geothermie an engem kanadesche Pëtz am Buedem. Et huet eng benotzbar Fläch vun 10.000

Solarwind ass dat éischt Gebai zu Lëtzebuerg dat dräifach zertifizéiert gouf, ass an zwar no der däitscher DGNB Norm, no der franséischer HQE Norm an no der englescher BREEAM Norm.

Fir manner Energie ze verbrauche gouf de Prinzip vum Kommunikatiounsgebai (Smartbuilding) ugewannt. All d'Lokatäre ginn ugeschwat fir eng gemeinsam redundant a mutualiséiert Reseausinfrastruktur ze benotzen. Des Weidere kann all Societéit vun der mutualiséierter IP's Telefonszentral profitéieren. Dat sinn zwéi redundant Serveren déi mat dem SIP Protokoll iwwer redundant Glasfaseren un een SIP Operateur ugeschloss sinn. Iwwer déi selwecht Glasfasere hu Lokatären och Uschloss iwwer zwou verschidden Infrastrukturen un den Internet. Duerch déi mutualséiert Infrastruktur gëtt de Stroumverbrauch ëm ongeféier 30 % am Gebai par Rapport zu anere Gebaier erofgesat.