Sons of Odin

Vu Wikipedia
Sons of Odin
Sons of Odin
Bemierkungen
Form: A.s.b.l.
Sëtz: Lëtzebuerg

Sons of Odin ass eng Vereenegung déi am Abrëll 2006 gegrënnt gouf an zanter Mäerz 2007 eng A.s.b.l. ass. De Prinzip gläicht deem vun engem Jugendhaus, mat dem Ënnerscheed, datt et sech net nëmmen op eng Gemeng reduzéiert, mä datt se op ass fir all Mënsch.

D'Iddi ass am Abrëll 2005 entstanen an duerno vun enger Grupp Leit realiséiert ginn. Sons of Odin organiséiert reegelméisseg sougenannt "Events", zu deene momentan (Stand: 3.3.2007) follgend gehéiern: Paintball, Bowling, Ausflich, Vakanzen, Partys/Baler, Sport- an Hobbytournoien, Billard

Events[änneren | Quelltext änneren]

Paintball: Sons of Odin organiséiert all Trimestervakanzen (Ouschtern-, Summer- an Chrëschtvakanz) en Dag Paintball. Meeschtens spillen d'Léit déi matginn ënner sech, mä heiansdo gi komplett aner Ekippe gefrot fir schlussendlech géindeneen unzetrieden. D'Terrainen op deene gespillt gëtt sinn e Mix aus sougenanntem "Woodland" (Bëscher, Hecken etc.) a "Recfields" (Hausruinen).

Bowling: Meechtens an de Vakanze gi Bowlingsowender organiséiert. Heibäi ginn normal Bowling-Reegele benotzt. De Gewënner erwaart op Tournoien ee klengen Kado an op normalen Owender e gudde Patt.

Ausflich: Zu den Ausflich gehéiern Visitten vu Stied an Dierfer oder einfach e Convoi an eng Stad déi bësse méi wäit fort ass, fir do ze profitéiern fir anzekafen.

Vakanzen: An der grousser Summervakanz gi Vakanzen organiséiert, wéi z. B. Center Parks oder änleches. Membere vu Sons of Odin kënne sech umelle fir hei matzegoen.

Partys/Baler: Partys a Baler ginn organiséiert, fir engersäits Reklamm ze maache fir Sons of Odin, anerersäits fir d'Suen ze sammeln, déi duerno als Don un eng Wueltätegkeets-Organisatioun ginn.

Sport an Hobbytournoien: Zu Sport- an Hobbytournoien gehéiern ënner anerem Billiard, Bowling an Ultimate Frisbee. Dat si sougenannten "Just-for-fun" -Tounoien, mat enger klenger Belounung fir den Gewënner respektiv Gewënnerteam.

Billard: Billiardowender gëtt et all puer Wochen. Meechtens ginn hei d'Hausreegele benotzt.

Rangsystem[änneren | Quelltext änneren]

Sons of Odin huet en Rangsystem ageruff, deen allerdéngs näischt mat der Arméi ze dinn huet. Am Fong erlaabt dësen d'Matsproochrecht vun den eenzelen Member ze regléieren, decidéiere wien en T-shirt kritt an ze kucke wie wéi vill Reduktiounen zegutt huet. Jee nodeem wéi dacks een iergendwou matgemaach huet an/oder wéi dacks een nei a gutt Iddien an de Forum geschriwwen huet, klëmmt een ëm e Rang an d'Luucht, a sou steigeren sech och d'Virdeeler fir all Member. De Rangsystem ass sou opgedeelt:

Rang: Numm: Obligatiounen: Virdeeler:
1 Initiand Memberschaft Keng speziell Käschte fir Events
2 Rekrut Forum-Aktiviteit T-Shirt
3 Krieger Participatioun un engem Event T-Shirt mat Numm an Rang
4 Sergent Participatioun u méi wéi engem Event Reduktiounen op T-Shirten
5 Major Weider Participatiounen un Events Reduktioune fir Events
6 Colonel Kleng Organisatiounshellef Matsproochrecht (1 Stëmm)
7 Graf Organisatiounshellef an nei Iddien Matsproochrecht (2 Stëmmen)
8 Baron Laang Memberschaft, Organisatioun Matsproochrecht (3 Stëmmen)
9 Hochlord Dëse Rang ass fir d'Chefen Matsproochrecht (4 Stëmmen), Veto

De Rangsystem ass aus enger Mëschung vu modernen Arméiräng an alen Adels-Titelen. Dat soll weisen, datt Sons of Odin sech net eleng op déi aktuell Zäit bezitt, mä sech och vill un der Vergaangenheet inspiréiert.

Sons of Odin[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm "Sons of Odin" kennt aus der nordescher Mythologie, un där sech d'Grënner inspiréiert hunn. Odin war den Haaptgott vun den ale Wikinger. De "Sons of" soll op déi haiteg Zäit hiweisen. Aus dësem Grond nenne sech déi drai Haaptgrënner och Thor, Vali a Balder. Dës waren déi dräi offiziell Jonge vum Odin. Och wann d'Grënner sech net als Gottheeten bezeechnen, sou ass dëst einfach nëmme fir dem Numm "Sons of Odin" gerecht ze bleiwen.

Zil[änneren | Quelltext änneren]

Déi eigentlech Iddi vu Sons of Odin ass fir de Leit d'Meiglechkeet ze ginn, bei Aktivitéite matzemaachen, déi eleng net meiglech sinn oder schwéier ze realiséiere sinn. Aus dësem Grond hat Sons of Odin d'Iddi, allméigleches z'organiséiern, fir de Leit hir Chance unzebidden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]