Spe (Exoplanéit)

Vu Wikipedia
Exoplanéit Spe
Verännerung vun der Radialvitess vum Stär Veritate duerch den ëmlafende Planéit Spe
Stärebild: Andromeda (And)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 23h 31m 17,41346s
Deklinatioun + 39° 14' 10,3092"
Visuell Magnitude
Orbitdaten
Zentralstär Veritate
Grouss Hallefachs
Exzentrizitéit
Ëmlafdauer 185,84 ± 0,23 d
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 4,8 MJ
Distanz a Liichtjoer 76,4 ± 4,1
Geschicht
Entdecker Sato et al.
Entdeckungsjoer 2008
Katalog 14 Andromedae b

De Spe (14 Andromedae b, ofgekierzt 14 And b) ass en Exoplanéit, dee ronn 249 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech läit a ronderëm de roude Ris Veritate am Stärebild Andromeda kreest.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Wéi all Exoplanéit krut de Spe am Ufank eng Bezeechnung déi dem deemolegen offiziellen Numm vu sengem Zentralstär 14 Andromedae entsprach huet. No engem ëffentleche Concours vun der IAU krut den Exoplanéit de 15. Dezember 2015 den offiziellen Numm Spe, ofgeleet vum laténgesche Wuert "Spes" fir "Hoffnung".

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Planéit gouf am Kader vun enger 2001 ugefaangener Moosskampagne vun engem japaneschen Astronomenteam ëm de Bunei Sato am Okayama Astrophysical Observatory entdeckt. Dobäi goufen d'Radialvitesse vu ronn 300 roude Risestäre mat de Spektralklasse G a K prezis vermooss. Am Juli 2008 gouf schliisslech d'Entdeckung vu fënnef Planéiten ëm d'Stäre 14 Andromedae, 81 Ceti, 6 Lyncis, an HD 167042 publizéiert.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Spe huet no Modellrechnungen eng Mindestmass vu bal fënnef Jupitermassen an ëmkreest de Veritate an 186 Deeg op engem kreesfërmegen Orbit bei engem Ëmlafradius vun zirka 0,83 AE. Wéinst senger grousser Mass muss et sech ëm e Gasris handelen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie