Spirit (Rover)
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Spirit (Raumsond))
Den 10. Juni 2003 ass de Mars Exploration Rover Spirit gestart fir de Mars 90 Deeg z'erfuerschen. Fir d'Landeplaz haten d'Fuerscher de Gusev Krater erausgesicht.
Missioun
[änneren | Quelltext änneren]De Mars Exploration Rover Spirit sollt am Gusev Krater no Waasser sichen. De Gusev Krater soll emol e Séi gewiescht sinn. De Rover ass 180 kg schwéier an ass d'selwecht gebaut wéi säin Zwillingsrover, den Opportunity.
Missiounsverlaf
[änneren | Quelltext änneren]De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
- De Spirit ass de 4. Januar 2004 am Gusev Krater (Mars) gelant.
- Den 21. Januar 2004 verléiert NASA de Kontakt mam Spirit(Nëmmen nach Nout-Kontakter).
- De 24. Januar 2004 ass de Kontakt mam Spirit erëm do, säin Zwillingsrover Opportunity ass am Meridiani Planum, op der anerer Säit vum Mars gelant.
- Den 11. Mäerz 2004 ass de Spirit beim Bonneville Krater ukomm(De Bonneville Krater ass e Krater am Gusev Krater).
- Den 23. Abrëll 2004 ass de Rover scho 15 Deeg méi lang wéi geplangt um Mars.
- De 16. Juni 2004 huet de Spirit Columbia Hills am Gusev Krater erreecht.
- De 4. Januar 2005 ass de Spirit 1 Joer um Mars, 4-mol méi laang wéi geplangt.
- Den 29. August 2005 ass de Spirit op d'Spëtz vum Husband Hill gefuer.
- De 25. Oktober 2006: 1000 Deeg um Mars.
- De 4. Januar 2007: De Mars Exploration Rover Spirit sollt eng Liewensdauer vun 3 Méint hunn.
Aktuell Situation
[änneren | Quelltext änneren]Am Ament ass de Spirit op der Home Plate, a mécht do e "Wanterschlof". Demnächst fiert en iwwer d'Home Plate op d'"von Braun", déi 200 m wäit ewech ass.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Mars Exploration Rover Opportunity
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Mars Exploration Rovers – Biller, Videoen oder Audiodateien |